Déi aktuell Regierung ass blockéiert, well se ënnerschiddlech Meenunge vertrëtt a sech net eens gëtt - där Meenung ass ee bei der CSV. Déi gréissten Oppositiounspartei huet e Méindeg virun der Press en éischten Abléck an de Programm fir d’Chamberwalen am Hierscht ginn. Dora sinn 10 Prioritéiten definéiert.
Wéi den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden scho virdrun op RTL verroden hat, wëll seng Partei d’Steiere fir jiddereen erofsetzen. Dat soll duerch méi wirtschaftlech Aktivitéit finanzéiert ginn:“Ech stellen och fest, datt d’Margë beim Staat do sinn, wann een net alles bezilt, et muss ee Prioritéite setzen. Wunnengsbau, Gesondheet an Energies renouvlabele sinn eis dräi Depensen-Prioritéiten. Et kann een dat präzis net berechnen, wat et kascht, mee et wäert awer sécherlech etlech honnerte vu Milliounen kaschten, déi mussen also kompenséiert ginn duerch méi Croissance.”
De Wuesstem misst iwwerdeems “inklusiv” sinn: “Datt mer och d’Bedeelegung um Gewënn, wat haut a ganz begrenztem Mooss besteet an der Prime participativ, datt mer déi wëllen ausdeenen, datt méi Leit an de Betriber kënne vum Benefice vun der Gesellschaft profitéieren, vun der Entreprise wou se schaffen an datt dat och steierlech attraktiv ass.”
Bei de wirtschaftleche Secteuren, aus deene misste Betriber ugezu ginn, nennt de Luc Frieden op Nofro Gesondheet, Logistik a Start-Upen. Prioritär misst een awer d’Finanzplaz, d’Industrie an d’Handwierk ausbaue kënnen: “Vill Secteure si méiglech, mir kënnen net nëmme mat deene Secteure liewen, déi mer fir den Ament hunn, mee déi muss ee mol fir d’éischt renforcéieren, well déi kritt een och net liicht ersat, och wat hire Poids um Pib ubelaangt.” Dofir sollen administrativ Chargen ofgebaut an d’Kierperschaftssteier reduzéiert ginn.
Eltere missten d’Recht kréien, 4 Stonnen an der Woch manner ze schaffen esoulaang hir Kanner an der Grondschoul sinn - eng Iddi vun der chrëschtlech-sozialer Jugend, déi hire Wee an de Walprogramm fonnt huet, erkläert de CSJ-President Alex Donnersbach: “Fir déi sozial Gerechtegkeet, gesi mer eben och bei klengen Akommes eppes vir, fir datt een do net komplett benodeelegt ass par Rapport zu deenen, déi méi verdéngen. Mee d’Iddi ass eben och, datt et awer e Choix ass ënnert dem Stréch, deen ee ka maachen, wou een och d’Recht huet deen ze maachen, an da wär ee bei 36 Stonnen, wou een nach ëmmer am Job vill ka maachen, mee wou een och e bësse méi Zäit doheem huet fir sech ëm d’Kanner ze këmmeren.”
D’CSV wëll da méi medezinesch Versuergung baussent de Spideeler, méi Hausaufgabenhëllef, méi Contournementen a méi erneierbar Energien.
Beim Thema Sécherheet proposéieren déi chrëschtlech-sozial iwwert déi nächst 5 Joer 700 nei Polizisten anzestellen, datt administrativ Aufgabe vun zivillem Personal solle gemaach ginn a méi Videoiwwerwaachung.