E Méindeg de Moie war den CSV-Spëtzekandidat eisen Invité vun der Redaktioun.

D’CSV presentéiert e Méindeg hire Walprogramm fir d'Chamberwale vum 8. Oktober. Respektiv déi 10 Prioritéite mat op éischter Plaz d'Kafkraaft vun de Leit, mee och de Logement. D'CSV wëll, datt "d'Steiere fir jiddereen erofginn", esou hire Spëtzekandidat Luc Frieden e Méindeg de Moien hei op RTL.

Besonnesch wéinst der Logementskris bräichten d'Leit méi Netto vum Brutto. De fréiere Finanzminister huet eng Steierreform versprach. Hien huet erkläert, datt d'CSV géing den "Agankssteiersaz méi spéit ufänken" an d'Tranchë "méi breet maachen", fir esou d'Mëttelschicht z'entlaaschten. Donieft solle Wittfraen a -Männer a gescheete Leit réischt no 6 Joer an d'Steierklass 1A rutschen. Aktuell sinn et 3 Joer. De Luc Frieden huet och eng 'integral Adaptatioun' vum Steierbarème un d'Inflatioun "an Etappe" versprach, mee eng gesetzlech automatesch Upassung wéilt hien net. Fir déi jonk wëllen déi chrëschtlech-sozial e "Starterkit" maachen, wou se déi éischt 2 bis 3 Joer méi Steiere kéinten ofschreiwen.

D'Besteierung vu Plus-valuen da wëll d'CSV net an d'Luucht setzen, well ee wéilt, datt méi verkaaft gëtt. Och wéilt een de privaten Invest nees méi ënnerstëtzen. De Luc Frieden huet d'Warnunge vum Fuerschungsinstitut Liser net gedeelt, datt een domadder d'Demande géing stäerken an d'Präisser nach méi kéinte klammen. Senger Meenung no misst een de "Contraire" maache vun deem, wat d'Regierung gemaach hätt: et misst méi séier, méi dicht a méi héich gebaut ginn.

De Luc Frieden huet net versprach, datt hie keng Krisesteier ewéi 2011 méi géing aféieren, wa Kris wier. Hien a seng Partei géingen hannert dem Sozialdialog stoen, fir Mesuren ze decidéieren, huet hien awer gesot. D'CSV stéing iwwregens och zum Index. Wa méi ewéi eng Tranche am Joer erfält, géing een awer eben op enger Tripartite kucken, wat ee kéint maachen, fir d'Kompetitivitéit vun de Betriber ze schützen, mee awer och d'Kafkraaft vun de Leit.

Staatsschold "ronderëm 30%" vum PIB

Wat de Pensiounssystem ugeet, dee laangfristeg defizitär wäert ginn, sot de Luc Frieden et misst een als éischt eng Analys maachen an och hei mat de Sozialpartner no Léisunge sichen. Den CSV-Spëtzekandidat huet sech weider fir gesond Staatsfinanzen ausgeschwat, mee d'Zil wier, datt d'Staatschold net iwwert "ronderëm 30%" géing goen. Fir alles ze finanzéieren, wat d'CSV wëll maachen, setzt se op wirtschaftlech Aktivitéit, déi Suen erabréngt. Hien huet an deem Zesummenhang notamment bedauert, datt d'Fongenindustrie net méi esou kompetitiv wier ewéi fréier.

D'wirtschaftlech Croissance misst eng "inklusiv" sinn, déi gerecht verdeelt géing. An eng "qualitativ". De Klimawandel wier e wichtege Sujet, mee dem Luc Frieden, géing een deen net verhënneren "wann ee Saachen imposéiert, déi Contraire zu anere Politicke sinn". Hie sot: "wann ee gesäit, datt mer am Bauperimeter Ëmweltstudië froen a mir hunn e Wunnengsbauproblem, dann ass den Equiliber net richteg fonnt ginn".

D'CSV presentéiert weider Prioritéiten e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz. Dorënner déi zum Thema "Sécherheet".

Invité vun der Redaktioun: Luc Frieden

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.