
Et si Marathonsëtzungen an der Plenière an och an de Kommissioune muss nach äifreg geschafft ginn. Wéi seriö ass dat? Kann een als Deputéierten nach anstänneg seng Aarbecht maachen? D’Carine Lemmer huet dat bei der Oppositioun nogefrot.
D’Piraten hunn et schonn e Méindeg op hirer Bilanspressekonferenz kritiséiert. Dat wär keen uerdentlecht Schaffen, wa Gesetzer an der Chamber “duerchgebrätscht” ginn.
Och fir d’Myriam Cecchetti vun déi Lénk ass sou eng iwwerfëllte Chamberwoch “kee schaffe méi” a “vill ze vill”: “Dat ass jo net seriö. Et muss een als Deputéierte sech jo selwer kënnen en Iwwerbléck verschafen. Dat do, dat geet einfach net méi. Vun haut un e Marathon, bis e Freideg an d’Nuecht eran”
Et kéint een net méi perséinlech all Dossier duerchkucken, keng Detailanalys maachen, bedauert de Fernand Kartheiser vun der adr. D’Regierung hätt alt nees gewisen, datt se – wéi schonn a Corona-Zäiten - kee Respekt hätt virun den Institutioune wéi Chamber oder Staatsrot: “Mir wären op jidder Fall frou gewiescht, wann et anescht gewiescht wär. Si hate 5 Joer Zäit. Mä wéi déi Däitsch soen: Am Abend wird der Faule fleissig! An dat war elo net onbedéngt déi beschte Method fir et esou ze maachen.”
Nieft de Sëtzungen an der Plenière sinn och Kommissiounssëtzungen, wou nach mussen Texter iwwerschafft an ugeholl ginn. D’Virbereedung war also schonn net seriö, kritiséiert den CSV-Deputéierte Claude Wiseler: “Well mer hei an der Virbereedung ganz dacks net konnte korrekt schaffen, well an de Kommissiounssëtzungen alles huet misse ganz séier goen, fir nach prett ze si fir des Woch. Et ass net méi Artikel pro Artikel, wou konnt gekuckt ginn. Et si just nach Remarke vum Conseil d’Etat...déi am Fong net méi gekuckt gi sinn, ausser wann eng Opposition formelle ass.
Deels ass et dann och esou, dass d’Riedenzäite fir Gesetzesprojeten erofgesat ginn oder den Debat deels ganz fale gelooss gëtt, fir alleguer d’Votten nach duerchzekréien. Dat wär keen anstännegt Schaffen, huet d’CSV-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen kritiséiert. Zum Beispill soll en Donneschdeg d’Naturschutzgesetz gestëmmt ginn. Nach hätt een an der Kommissioun awer ni un deem Text geschafft. E Mëttwoch eréischt kuckt een den Avis vum Staatsrot duerch.
Et wier “en Hon fir d’Chamber”, sot och de Michel Wolter vun der CSV. A quasi kengem Projet hätt dës Woch kënnen déi normal parlamentaresch Aarbecht kënne gemaach ginn, huet den CSV-Deputéierte bedauert.
U wat oder u wiem läit dat dann, datt dës Kéier extra vill nach muss oder soll duerch d’Chamber? De Staatsrot kéint och net méi wéi schaffen, seet déi lénk Myriam Cecchetti. D’Texter wären deels leider och net gutt geschriwwen: “Mir hu Gesetzestexter do, wat relativ al Texter sinn, déi duerchgebaatscht ginn, déi à la base grotteschlecht geschriwwe waren. Wou ee sech och muss froen, déi Leit, déi déi Texter mat opsetzen, si jo awer Juristen. Do sinn Texter, déi hunn den Tour – ech wees net wéi dacks – bei de Staatsrot gemaach. Dat mécht et fir eis jo och net méi einfach fir ze schaffen.”
An de Ministèrë misst also dru geschafft ginn, fir datt juristesch méi kloer Texter geschriwwe ginn, ass ee Constat. Eng nächst Regierung misst kucken, fir dat ze verbesseren.