Präis vum EY-ConcoursMarc Giorgetti ass Entrepreneur vum Joer 2023
En Donneschdeg war am Cercle Cité an der Stad e Gala-Owend, wou den Entrepreneur vum Joer 2023 gewielt gouf.
Entrepreneur vum Joer 2023 (23.11.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Präis vum EY-Concours ass un den Marc Giorgetti vum Groupe Felix Giorgetti gaangen. De Groupe Felix Giorgetti wäert Lëtzebuerg d’nächst Joer an der internationaler Finall zu Monaco vertrieden. Um grousse Gala-Owend an der Stad war ënnert anerem och den neien Inneminister Léon Gloden present.
Nominéiert waren:
- Thierry Franceschetti, Industeam Group: De franséischen Entrepreneur huet de Betrib mat antëscht 550 Mataarbechter gegrënnt. D’Industeam Group begleet seng Clienten ënnert anerem bei der energeetescher Transitioun.
- Marc Giorgetti, Groupe Felix Giorgetti: De Marc Giorgetti ass am Familljebetrib grouss ginn. Haut zielt de Groupe Felix Giorgetti eng 1.300 Kollaborateuren am Bausecteur an am Horesca.
- Stéphanie Jauquet, Cocottes: 2008 huet alles mam Restaurant “Um Plateau” ugefaangen. D’Stéphanie Jauquet huet sech allerdéngs séier vergréissert. Si huet haut eng Rei Restauranten an ass d’Grënnerin vun der Chaîne “Cocottes”.
- Raoul Mulheims, Finologee: Scho mat 18 Joer huet de Raoul Mulheims d’Social-Media-Plattform “Luxusbuerg” gegrënnt. Haut ass Finlogee de gréissten Ubidder vun Finanzplattformen zu Lëtzebuerg a schafft mat engen 100 Banken an Institutiounen zesummen.
- Rolf Sorg, PM International AG: D’Entreprise gouf 1993 nom Virbild vun “Tupperware” gegrënnt a verkeeft Ergänzungsmëttel a Kosmetik. Bis ewell goufe scho méi wéi 800 Produiten an iwwer 70 Länner verkaaft.
- François Tesch, Groupe Foyer: Zanterdeem de François Tesch de Betrib iwwerholl huet, dee säi Bop gegrënnt huet, huet sech de Groupe Foyer staark diversifizéiert an zielt elo eng 1.400 Mataarbechter.
- Artyom Yukhin, Artec 3D: 1999 huet hien eng Technik fir d'3D-Gesiichtserkennung erfonnt. 12 Joer méi spéit huet hien de Siège social vu senger Entreprise op Lëtzebuerg verluecht an huet elo méi wéi 200 Mataarbechter.

Et ass schonn déi sechste Kéier, datt Ernst & Young dës Präisiwwerreechung organiséiert, mat deem wichteg Acteuren an der Ekonomie an der Innovatioun geéiert solle ginn. D’Gewënner aus de Leschte Jore waren den Nicolas Buck (Victor Buck Services S.A., 2004), den Abbas Rafii (Ireco S.A., 2006), de Jacques Lanners (Ceratizit S.A., 2009), de René Elvinger (Cebi International S.A., 2013) an de Claude Wagner (Groupe CWA, 2016).