
Schonn direkt e Sonndeg den Owend ass sech de Gemengerot vu Biwer eens ginn, esou heescht et an engem Schreiwes vum Buergermeeschter Marc Lentz. Hie selwer géif un der Spëtzt vun der Gemeng bleiwen. Déi Zweetgewielt Sylvie Steinmetz gëtt éischt Schäffen an d’Véiertgewielt Martine Birkel déi zweet Schäffen.
Dës Opstellung proposéieren déi lokal Autoritéiten elo dem Inneministère.