
No der Demissioun vum Roy Reding aus dem Stater Gemengerot wäert déi nächst gewielten op der adr-Lëscht Marceline Goergen noréckelen. Si huet eis op Nofro confirméiert, datt si d’Mandat wäert unhuelen.
Allerdéngs wäert d’Marceline Goergen net fir d’adr, ma als onofhängeg Conseillère an de Gemengerot goen, si ass nämlech am Abrëll 2021 aus der Partei ausgetrueden. Verschidde Saachen hätten net méi mat hire Wäerter korrespondéiert, seet d’Ex-adr-Politikerin, ouni weider wëllen an den Detail ze goen.Ob si bei den nächste Gemengewale kandidéiere wäert a wa jo, fir wéi eng Partei, muss si sech nach iwwerleeën, sou d’Marceline Goergen.
“Dat weess ech nach net. Ech mengen, dat hei ass jo wierklech elo op mech erofgefall. Ech hu mer doriwwer absolut nach guer keng Gedanke gemaach. Ech ginn elo mol déi 6 Méint an de Stater Gemengerot kucken, versichen eng gutt Aarbecht ze maachen, a wärend deene 6 Méint iwwerleeën ech mer, wéi et mat menger politescher Karriär wäert weidergoen.”
D’Marceline Goergen an de Roy Reding waren zesumme Spëtzekandidate fir d’Gemengewalen 2017. D’lescht Woch hat de Roy Reding annoncéiert, datt hie sech aus dem Gemengerot géing zréckzéien, zwee Deeg nodeems hie wéinst Bedruch vum Geriicht verurteelt gouf.
RTL-NEWS: Den ADR-Deputéierte Roy Reding bleift fir seng Partei an der Chamber