Op den 13. OktoberMarco Schank demissionéiert an der Chamber

RTL Lëtzebuerg
1999 koum den CSV-Politiker eng 1. Kéier an d'Chamber, vun 2009 bis 2013 war hie Minister fir Wunnengsbau an delegéierten Ëmweltminister.
© AFP

Et annoncéiert sech e Changement an der CSV-Fraktioun. De Marco Schank demissionéiert aus der Chamber, dat op den 13. Oktober. Den Nord-Deputéierte schéckt RTL-Informatiounen no en Mëttwoch de Moie säin Demissiounsbréif un de Chamberpresident Fernand Etgen.

De 65 Joer ale Marco Schank sot eis, hie wéilt Plaz maache fir méi jonk Leit a wéilt sech op seng Aarbecht als Buergermeeschter vun der Gemeng Esch-Sauer konzentréieren. Vun 1994 bis 2009 war hie scho Gemengepapp vun der fréierer Gemeng Heischent.

Nom Doud vum Ed Juncker ass hien 1999 an d'Chamber nogeréckelt. Vun 2009 bis 2013 war de Marco Schank delegéierten Ëmweltminister an och responsabel fir de Ressort Logement. Zënter 2013 ass hien nees Deputéierten an 2017 gouf hien als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Esch-Sauer verdeedegt.

Nächstgewielten op der CSV-Nordlëscht war bei de leschte Walen den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf. Deen huet eis confirméiert, datt hien dat Mandat wäert unhuelen.

Back to Top
CIM LOGO