
Fir vill Leit ass et e fixe Rendez-vous, op Allerhellegen an / oder op Allerséilen op de Kierfecht ze goen a sech un déi Verstuerwen ze erënneren.
Sou zum Beispill zu Esch, wou de Paschtouer Ricardo Monteiro mat senger Ekipp ënnerwee war. Zwee grouss Kierfechter gëtt et an der Minettemetropole. De Lallenger an de Jousefskierfecht. Wärend meditativ Texter virgelies goufen, sinn déi 7 Escher Paschtéier duerch d’Reie vun deenen zwee Kierfechter gaangen, fir d’Griewer vun de Verstuerwenen ze seenen.