
D'Police konnt de Chauffer op der Héicht vun der Kräizung Richtung Kanech stoppen a kontrolléieren. De Führerschäin gouf op der Plaz agezunn an e Protokoll gouf geschriwwen.
Och zu Beefort, an der 'route de Beaufort', gouf en Donneschdeg den Owend eng Vitesskontroll gemaach. Hei war en Automobilist mat 107 km/h ënnerwee, wou awer just 50 km/h erlaabt sinn. Och dee Führerschäin ass fort.
Bei enger weiderer Kontroll zu Éiter war en Auto opgefall, well eng Luucht net funktionéiert huet. Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer ze vill Alkohol intus hat, an dass d'Pabeiere vum Auto net an der Rei sinn. De Führerschäin gouf agezunn an de Chauffer gouf vun der Policepatrull heem gefouert.