
D’Beamte vun der Police goufen op e Gefier opmierksam, dat virum Kontrollpunkt d’Kéier gemaach a sech mat enger Vitess vun 180km/h duerch d’Bascht gemaach huet. Beim Versuch, virun der Police ze flüchten, huet den Automobilist an enger Kéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass mat engem Bam an engem Virgäertche kollidéiert.
Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffer ouni Fürerschäin ënnerwee. Donieft hunn d’Beamte vun der Police op Uerder vum Parquet eng Softair-Pistoul saiséiert, déi am Auto louch. De Mann gouf wéinst illegalem Waffebesëtz a Fueren ouni Fürerschäin protokolléiert. Och ee vun de Bäifuerer, deem d’Gefier gehéiert, gouf protokolléiert, well hien eng Persoun ouni Fürerschäin mat sengem Auto op ëffentlecher Strooss fuere gelooss huet.
Déi 2 Bäifuerer an de Chauffer koumen an d’Spidol, se sollen awer keng gréisser Blessuren dovugedroen hunn.