MënsbechMat 190 km/h ënner Afloss vun Drogen ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Géint 23 Auer ass de Police e Méindeg op der A1 Héicht Mënsbech eng Automobilistin opgefall, déi vill ze séier a Richtung Däitschland ënnerwee war.

Den Auto ass bei staarkem Reen, wou u sech just 110 erlaabt ass, mat tëscht 150 an 190 km/h ënnerwee gewiescht an huet och ëmmer nees Autoe séier iwwerholl. Schlussendlech konnt d'Automobilistin bei Fluessweiler ugehale ginn. Bei der Kontroll koum dunn eraus, dass d'Fra wuel drogéiert Auto gefuer ass, de Schnelltest war positiv.

Am Auto selwer goufen dunn nach e puer Gramm Cannabis an Ekipement séchergestallt. D'Fra gouf protokolléiert.

Accident mat Drogenafloss um CR145

Kuerz viru 16 Auer koum et dann op der Kräizung tëscht dem Scheierhaff a Greiweldeng zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Een Automobilist hat d'Virfaart net respektéiert an en anere Won ze pake krut. D'Automobilistin vun dësem Auto gouf blesséiert a koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Béid Chauffeure goufen negativ op Alkohol getest, allerdéngs war den Drogeschnelltest vum éischte Chauffeur positiv. Bei der Kontroll goufen a sengem Auto dunn 75 Gramm Haschisch an Ekipement fonnt. De jonke Mann gouf protokolléiert.

Accident mat Alkoholafloss um CR160

Géint 16.40 Auer ass der Police um CR160 aus Richtung Diddeleng en Auto opgefall, deen op der Säit vun der Strooss stoung an en Accident hat. De Chauffeur koum an d'Spidol. Beim Mann ass den Alkoholtest positiv ausgefall. De Mann krut de Permis ofgeholl a gouf protokolléiert.
Back to Top
CIM LOGO