GeriichtMat 2,33 Promill ze séier duerch Dummeldeng

RTL Lëtzebuerg
Chauffer krut e Fuerverbuet vu 24 Méint. 18 Méint dovu si mat Sursis a fir de Rescht gëllt eng Ausnam fir op d'Schaff. Dobäi kënnt eng Geldstrof vun 800 €.
© Rawpixel / Unsplash / Domaine public

Dozou gouf um Méindeg de Moien um Stater Geriicht e Mann verurteelt, dee virun allem wéinst Fueren ënner Alkoholafloss de Prozess gemaach kritt hat.

Am Juli war hien nuets zu Dummeldeng mat 2,33 Promill Alkohol am Blutt ënnerwee. De Mann war donieft ze séier duerch eng Uertschaft gefuer, do wou nëmme 50 erlaabt war.

Back to Top
CIM LOGO