2 Fürerschäiner goufen agezunnMat 227 km iwwer d'Autobunn - mat ze vill Alkohol am Blutt ageschlof

RTL Lëtzebuerg
2 Chaufferen haten et e Mëttwoch den Owend nawell iwwerdriwwen, deen ee mat der Vitess, deen anere mam Alkohol an den Drogen.
© RTL Archiv

Nawell presséiert war e Mëttwoch e Chauffer op der Autobunn A1. Géint 22.25 Auer war hie mat 227 km/h vu Fluessweiler a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee. D'Police, déi do grad d'Vitess kontrolléiert huet, konnt de Chauffer no enger kuerzen Poursuite stoppen. Hie krut de Fürerschäin ofgeholl, e Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Géint 22.30 dann zu Ierpeldeng un der Sauer op Héicht vun der neier Industriezon gouf der Police en accidentéierten Auto gemellt. De Chauffer huet am Gefier geschlof. Den Alkohol- an Drogentest war positiv. Och hei war de Fürerschäin fort, an de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO