Leit aus der Por Äischdall-Helpert kruten elo zum Beispill sou ee Bréif. Trennung vu Kierch a Staat huet jo mat sech bruecht huet, datt de Bistum an Zukunft déi meescht Kierchen am Land selwer finanzéiere muss. Zu Béiwen un der Atert sinn dat zum Beispill 4.000€ d'Joer Ënnerhalt an 1.000€ d'Joer Loyer, déi un d'Gemeng ginn. An dëser Por wieren am Ganze 17 Kierchen op Donen ugewisen.
Wann d’Kierch zu Béiwen un der Atert net mat Hëllef vu Spende gerett gëtt, gëtt se entweiht, seet de lokale Parverband. Da géife keng kierchlech Evenementer ewéi Massen an Dafen organiséiert ginn. De Grond ass d’Gesetz iwwert d’Ofschafe vu deenen 285 Kierchefabrécken, dat am Mee zejoert a Kraaft getrueden ass. Deemools ass een Deel vun de Kierchen un de Kierchefong gaangen an ee weideren Deel an de Besëtz vun de Gemengen. D’Por Äischdall-Helpert,wou ënnert anerem Biissen a Sëll dra sinn, huet 21 Kierchen. 4 Kierche gehéieren dem Kierchefong a 17 de Gemengen.
D’Land zielt 486 Edifice-religieuxen, also Kierchen an aner reliéis Bauten. Nieft der Por Äischdall-Helpert wieren déi aner 32 Poren zu Lëtzebuerg och op Donen ugewisen. Dat well ee keng Moyene hätt, fir Kierchen ze bedreiwen.
Fir d’Käschte vun de Kierchegebaier ze decken, gëtt op Done gezielt, mee eben och op d’Valoriséierung vun den Terrainen. Beispillsweis freet een d’Betriber fir eng Ënnerstëtzung. Fir datt d’Bierger iwwert d’Donen informéiert sollte ginn, waren an der Por Äischdall-Helpert eng sëllechen Informatiounsversammlungen.
Déi Kierchen, déi de Gemenge gehéieren an déi de Kierchefong net wëll lounen, ginn entweiht.