
D’"Orange Week” gëtt all Joer ofgehalen, fir d’Opmierksamkeet op de Sujet vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher ze riichten. D’Stad Lëtzebuerg organiséiert dofir de 25. November eng Mënscheketten um Knuedler, dat ëm 12 Auer. De Public ass invitéiert, un der Aktioun deelzehuelen, heescht et an der Matdeelung vun der Stad Lëtzebuerg.
Wärend der Orange Week sinn an der Stad dann och eng Rei Gebaier orange beliicht. An der Cinemathéik gëtt ausserdeem eng Soirée mat Film an Diskussiounsronn organiséiert. De 5. Dezember gëtt do de Film “Be my Voice” vum Nahid Persson gewisen. De Film weist de Parcours vun der Feministin Masih Alinejad, déi sech am Iran géint den obligatorescht Droen vum Kappduch agesat huet.
Um nationalen Niveau gëtt d’Orange Week vum Conseil national des Femmes du Luxembourg an der Lëtzebuergescher Sektioun vun Zonta International organiséiert.