
Den Auto gouf mat héijer Vitess duerch Monnerech gesteiert. De Chauffer konnt an der Rue Kiemel gestoppt a kontrolléiert ginn. Et huet sech erausgestallt, dass de Mann Alkohol konsuméiert hat an de Contrôle technique ofgelaf war. Hie krut de Fürerschäin nach op der Plaz ewechgeholl.