Vitesskontroll op der A7Mat iwwer 180 Stonnekilometer duerch den Tunnel Gousselerbierg
RTL Lëtzebuerg
A 7 Fäll gouf d'Vitesse vun 90km/h am Tunnel bei der Kontroll däitlech iwwerschratt, ma ee Chauffeur ass besonnesch opgefall.
Update: 10.12.2025 09:25
Et goufen deels Vitesse vun 141 bis zu 181 Stonnekilometer gemooss. Bei engem Chauffeur koum nach dobäi, dass den Alkoholtest positiv ausgefall ass. Déi 7 Automobiliste kruten direkt e provisorescht Fuerverbuet an d'Permise goufen agezunn.