
"D’Englänner schénge wëllen an d’Richtung ze goen, datt si sech net wëllen un déi europäesch Spillreegelen halen. Wann dat sou ass, da kréien se och relativ wéineg, voir guer keen Accès zum europäesche Bannemaart. Dat ass ekonomesch net ze verstoen, well et ass a bleift dee gréisste Bannemaart op der Welt mat 540 Milliounen Awunner. Duerfir musse se warscheinlech awer eng Kéier Waasser an hire Wäin schëdden."
Et bleiwen nach vill oppe Froen, analyséiert e Generaldirekter vun der Chambre de commerce. De Carlo Thelen ass skeptesch, ob de geplangten Zäitplang fir déi zukünfteg Relatiounen tëscht London an der EU auszehandelen, bis Enn des Joers agehale ka ginn. Aner Handelsaccorden hätte Jore gebraucht. Fir den Ament bleift awer fir d'Wirtschaft alles beim Alen.
"Eis Betriber, déi kënne berouegt sinn. Do geschitt elo näischt, well all d’Konditiounen, déi virun Enn Januar gegollt hunn, déi gëllen elo weider. D'Britte bestëmmen zwar net méi mat an Europa, mä all d’Konditiounen, déi an der EU spillen, spille weider och fir d’europäesch Betriber a Groussbritannien. Wärend deenen 11 Méint ass kee groussen Impakt, mä et muss ee kucken, wat duerno geschitt. Och een No-Deal ass nach ëmmer méiglech."
D'Lëtzebuerger Betriber wieren awer gutt virbereet, sou de Carlo Thelen an och Brexit-Helpline vun der Chambre de commerce funktionéiert weider.
Dee gréissten Defi fir d'Lëtzebuerger Industrie gesäit de fréiere President vun der Fedil Robert Dennewald an der Logistik.
"An deem Beräich ass d’Erausfuerderung am gréissten. Mäi Betrib ass zum Beispill guer net betraff an där gëtt et och nach, mä et gëtt Secteuren, déi si virrangeg concernéiert an do geet et drëm, datt séier geschafft gëtt".