Chaotesch Zeenen um Stau evitéierenMat neie Mesuren de potentiellen Undrang besser steieren

RTL Lëtzebuerg
Déi Responsabel, déi déi nei Mesurë virgestallt hunn, hunn och un de gesonde Mënscheverstand an de Respekt vun der Natur appelléiert.
Mat neie Mesurë wëll een den Undrang um Stau besser geréieren
Déi Responsabel, déi déi nei Mesurë virgestallt hunn, hunn och un de gesonde Mënscheverstand an de Respekt vun der Natur appelléiert.

Stau, Rapp a Klapp wéinst de Parkplazen, rosen Awunner, iwwerfëllte Plagen a Policeinterventiounen: huet weekends oder op Feierdeeg d’Sonn geschéngt, war et um Stau déi lescht Summeren chaotesch.

Dat soll dës Saison besser klappen. De Minister fir Landesplanung Claude Turmes, de Buergermeeschter vun Esch-Sauer Marco Schank an de President vum Naturpark Uewersauer Charles Pauly hu Mesurë presentéiert, wéi de potenziellen Undrang dëst Joer gesteiert ka ginn.

D’Méiglechkeeten, sech mam ëffentlechen Transport op déi sechs Plagen ze deplacéieren, solle besser kommunizéiert an doduerch méi genotzt ginn. Et si weider Vëlospiste geplangt.

An der Gemeng Esch-Sauer gëtt et ee gratis Parking mat 1.000 Plazen. Déi 700 Plazen op zwee Parkingen, déi méi no bei de beléifte Plagen Fuussefeld an an der Baech sinn, kaschten. Den Accès an d‘Sortie gi mat Barrière gereegelt. Neierdéngs kann een och mat der Kaart bezuelen. Reservatioune sinn net méiglech. Fir dass d‘Uertschaften net iwwerlaascht ginn, gesinn d‘Visiteure schonn vun uewen, ob iwwerhaapt nach Plaze fräi sinn.

Op Deeg, wou extrem vill Leit sech erwaart ginn, wäert d’Police hir Presenz verstäerken. Virop, fir de Verkéier ze reegelen an sécher ze stellen, dass Ambulanzen duerch kéimen.

Back to Top
CIM LOGO