10 Joer Ile aux ClownsMat rouder Nues an engem Laache gutt Momenter schafen

Pierre Weimerskirch
Professionell Clownen hunn et sech zu Lëtzebuerg zur Aufgab gemaach, a Klinicken, Altersheemer a Foyeren fir gutt Stëmmung ze suergen.
Ile aux Clowns
Professionell Clownen hunn et sech zu Lëtzebuerg zur Aufgab gemaach a Klinicken, Altersheemer a Foyeren fir gutt Stëmmung ze suergen.

Si si villäicht déi Personnagen, déi een an enger Klinick oder an engem Altersheem am wéinegsten erwaart. An awer si si an de verschiddenste Strukturen zu Lëtzebuerg net méi ewech ze denken. D’Associatioun Ile aux Clowns beschäftegt mëttlerweil néng Persounen a Voll- oder Hallefzäit als Clowns hospitaliers professionnels. Si kruten eng speziell Formatioun am Ëmgang mat Mënsche mat Komplikatiounen. Dozou gehéiere krank Kanner, eeler Leit awer och Erwuessener mat spezielle Bedierfnisser.

A Gruppe vun Zwee sinn d’Clownen a 35 Strukturen uechtert d’Land op Besuch. Hei versiche si de Patienten oder Bewunner trotz Krankheet oder Aschränkungen e gudde Moment ze verschafen. Et geet awer net nëmmen drëms, e Witz ze maachen oder de Clown ze spillen. D’Personal huet duerch hir Formatioun och en oppent d’Ouer a wëll de Klengen a Grousse Wuelbefanne vermëttelen.

Mir hunn zwee Clownen vun der Associatioun op Besuch an der Kannerklinik begleet.

Wéinst der grousser Nofro goufen elo dräi weider Persoune vun der Associatioun Hallefzäit agestallt, fir d’Ekipp ze vergréisseren. Si sinn den Ament awer nach an der Formatioun a wäerte réischt Mëtt Oktober an den Asaz kommen.

Ronn 500 Visitte bei méi wéi 10.000 Leit d’Joer mécht déi kleng Ekipp vun Ile aux Clowns. E Besuch dauert tëscht zwou a véier Stonnen an ass fir näischt. D’Associatioun gëtt nëmmen iwwer Spende finanzéiert an da funktionéiert esou bis ewell och ganz gutt. Ile aux Clowns feiert dëst Joer nämlech säin 10. Gebuertsdag.

Méi Informatiounen zu Ile aux Clown fannt Dir op hirem neien Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO