
D’Richtung stëmmt, mee op verschiddene Punkte gëtt et Diskussiounsbedarf. En Donneschdeg de Mëtteg huet de Police- a Verdeedegungsminister François Bausch an der zoustänneger Chamberkommissioun de Gesetzesprojet iwwert de „Visupol" den Deputéierte presentéiert. Mat deem sollen an Zukunft nämlech d’Kameraiwwerwaachungen hei am Land gesetzlech verankert ginn.
D’Richtung stëmmt, mee op verschiddene Punkte gëtt et Diskussiounsbedarf.
An deem Gesetzprojet, deen de nächste Freiden duerch de Regierungsrot soll goen, an dann zwou Woche méi spéit soll deposéiert ginn, ass och festgeschriwwen, wou hei am Land iwwerhaapt Kamerae kéinten installéiert ginn. De Minister François Bausch erkläert: "Et musse gréisser Deliten do stattfannen an och widderhuelt also repetitiv. E Beispill wier d'Garer Zon, do wou déi ganz Drogenzeen ass."
Fir d’Installatiounen ass awer een Avis vun der Gemeng, der Policedirektioun an der IGP, der Inspection Générale de la Police, néideg.
Wien duerf Accès op d'Biller hunn? Wou ginn déi stockéiert? An engem Fichier? A bréicht ee fir deen dann eng legal Basis? A sinn déi zwee Méint, wou d’Biller zeréck behale ginn, net ze laang? Déi Froe stellt sech ënnert anerem de Laurent Mosar vun der CSV:
"A wann natierlech da rechtlech Schrëtt géint een ënnerholl ginn, da kënne se nach méi laang gehale ginn. Deen Delai vun zwee Méint misst gekuckt ginn. An et stellt sech d'Fro, ob d'Biller automatesch misste geläscht ginn, wann eng declenchéiert Enquête op Äis geluecht gëtt a net aboutisséiert. Dat ass den Ament nach net am Projet virgesinn."
Fir ze kucken, ob déi zwee Méint Billerstockage ze laang sinn, wëll de Minister an de nächste Reunioune Fallbeispiller virleeën, firwat am Gesetzesprojet vun zwee Méint rieds ass.
Am Generelle wier an der zoustänneger Chamberkommissioun d’Zoustëmmung fir de Projet do gewiescht, esou de François Bausch no der Sëtzung. Och bei de Piraten, déi ëmmer nees Dateschutzbedenken hunn, kënnt de Projet mëttlerweil gutt un, well de Minister hir Recommandatiounen zeréck behalen hätt, erkläert de Marc Goergen:
"Wéi zum Beispill, datt keng Gesiichtserkennung wäert kommen. Dat ass nämlech een No-Go. De Minister sot, dat wäert och an Zukunft net kommen. De Visupol gëtt net op den Internet gehaangen, well dat ass eng separat Leitung an den Zentrum. Dat ass wichteg, fir datt kee vu baussen Zougank kritt."
D’IGP, d’Inspection Générale de la Police ass de Moment mat enger Analys vun all de Froen, déi sech stellen, beoptraagt ginn. Am Fréijoer d’nächst Joer soll dee Rapport virleien.