Uergen Accident op der N15Meedche vu 15 Joer un de Suitte vu senge Blessuren am Spidol gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.15 Auer e Mëttwoch koum et tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul zu engem schroen Accident.
Accident tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul
Géint 17.15 Auer e Mëttwoch koum et tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul zu engem schroen Accident.

Eng Automobilistin hat d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass mat engem Trakter kollidéiert, deen aus där anerer Richtung koum. Den Accident ass wärend engem Iwwerhuel-Manöver am Géigeverkéier geschitt. Nodeems déi Blesséiert vum Samu op der Plaz behandelt goufen, koume si an d'Spidol. 4 Persoune goufe beim Accident verwonnt, e Meedche vu 15 Joer sollt seng Blessuren net iwwerliewen. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf kontaktéiert.

D'Strooss hat misse fir den Trafic gespaart ginn.

D'Police mécht dann och en Zeien-Opruff. Besonnesch Chauffeure vun engem Mobile Kran, dat heescht engem Gefier mat engem Kran drop, an 2 aneren Autoe gi gebieden, sech um bei der Police Turelbaach per Telefon 244 85 1000 oder per E-Mail: police.turelbaach@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO