
No der Faillitte vun der Konstruktiounsfirma Manuel Cardoso wäerten déi allermeescht vun de ronn 120 Salariéen, déi zum Schluss nach betraff waren, séier eng nei Aarbechtsplaz fannen.
Eng ganz Rëtsch Baufirmen hätte sech an der lescht schonns un d’Gewerkschaft adresséiert mat der Demande, bis zu 20 Leit ze iwwerhuelen an et kéime permanent nei Offeren derbäi.
Beim OGBL wier een dohier zouversiichtlech, dass eng breet Majoritéit schonns fir d’Enn vum Congé collectif eng nei Plaz hätt.
Verschidden Aarbechter hätte kuerz virun der Pensioun gestanen an hätten d’Demarchen an d’Weeër geleet, fir déi eben och elo ze huelen.