Mir sinn ablécklech nach matten am Wanter. Fréijoersufank ass den 20.Mäerz. Wéi déi lescht Jore blouf och dëse Wanter ze mell. Et gouf bis elo kaum Schnéi dofir fiicht Wieder a Form vu Reen a Niwwel. Déi lescht 30 Jore wär déi aktuell Joreszäit ëm bal 2 Grad mäi waarm ginn.
Wärend dem Lock Down duerch d’Pandemie konnt sech d’Natur erhuelen. Et gouf wéineg Trafic op de Stroossen an och de Fluchtrafic war op e Minimum reduzéiert. Dowéinst gouf vill manner CO2 ausgestouss. Mëttlerweil ass nees alles beim Alen.
An Zukunft misst ee mat méi Dréchenten an och méi staarkem Néierschlag hei zu Lëtzebuerg rechnen. Drécheperiod leien elo bei 10 Méint pro Joer. Soss wär dat just tëscht Juni a Juli de Fall gewiescht.