Fédération des ArtisansMéi Ënnerstëtzung vun der Regierung fir Handwierksbetriber

Pierre Jans
D'Betriber wéilte sech méi fir de Klimaschutz asetzen, och fir aus der Logementskris ze kommen. Ma si missten awer méi vun der Regierung abezu ginn.
Romain Schmit an Ernest Pirsch
Romain Schmit an Ernest Pirsch
© Pierre Jans / RTL

Pressekonferenz Handwierkerfederatioun / Rep. Pierre Jans

D'Handwierkerfederatioun begréisst, dass d'Betriber de Choix hunn, de CovidCheck-System bei sech z'etabléieren oder eben net. Dat sot hire Generalsekretär Romain Schmit en Dënschdeg de Moien am Kader vun enger Pressekonferenz. Et géif senger Meenung no awer schwéier ginn, nieft dem Personal och d'Clienten nach ze préiwen. Mä all Entreprise kann dat jo individuell organiséieren.

D'Handwierk wär den Ament net méi esou rentabel ewéi an der Zäit, esou de Romain Schmit. Virun allem d'Rupturen an de Liwwerketten an de generelle Personalmanktem maachen hinnen d'Liewen net einfach. Dofir fuerdere si och méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun der Aarbechtszäit vun de Salariéen. Dat betrëfft virun allem d'Modeller "temps partiel" an Elterecongé. D'Federatioun hätt gär, dass d'Independanten d'selwecht behandelt ginn, ewéi Salariéen.

© Pierre Jans / RTL

D'Handwierk wëll sech mat Elan beim Klimaschutz engagéieren. Fir all d'Entreprisen, virun allem awer fir déi kleng a mëttelgrouss, kéimen därmoosse grouss Changementer, dass d‘Regierung si ënnerstëtze muss, esou de Generalsekretär vun der Fédération des Artisans Romain Schmit. Hie schwätzt vun enger koherenter Strategie, déi Investissementer, Steierfroen an Innovatioun berécksiichtegt.

Beim Thema Mobilitéit ass et ënnert anerem d'Revendicatioun, dass d'staatlech Subsiden op Hybridautoe verlängert ginn. Ëmmerhin sinn d'Lëtzebuerger Garagiste jo Member bei der Handwierkerfederatioun. De Romain Schmit gesäit awer och d'Gefor, dass d'Regierung am Beräich vun de Leasing-Autoen därmoossen un der Steierschrauf dréint, dass de Geschäftsmodell net méi rentabel wär. D'Avantages en nature leien aktuell bei 1,5 Prozent. Dobäi soll et bleiwen, seet de Romain Schmit.

''Wa mir déi 1,85 iwwerschreiden, da gëtt de Modell fir deen, deen den Auto zur Verfügung gestallt kritt, net méi interessant. Mat allen ekonomesche Risiken, déi dat fir de Secteur, awer och driwwer eraus, mat sech bréngt. Da kafen ech mir als Salarié iergendwou eng Occasioun. An ech hätt d'Sue gär vum Patron an der Paie. D'Occasioun ass jo da keen neien Auto. Den Achat, den Entretien, d'TVA an esou weider, sinn dann zu engem gudden Deel vläicht am Ausland.''

Fir d‘Logementskris an de Grëff ze kréien, muss de Privatsecteur dem Romain Schmit no och méi mat an d‘Boot geholl ginn. Déi staatlech Constructeuren hätten, esou sot et de Romain Schmit, déi lescht Jore virun allem bewisen, wat se net kënnen.

Hei fannt Dir de komplette Communiqué vun der Fédération des Artisans.

Back to Top
CIM LOGO