LitteringMéi Poubellen a reegelméissegt Eidelmaache soll Problem léisen

Philippe Dondelinger
Kuerz nom Confinement sinn op de sozialen Netzwierker Fotoen a Filmer opgedaucht, wou een d’Reschter vun de souzesoen "After-Corona-Partyen" ze gesi krut.
Littering-Problem
Méi Poubellen a reegelméissegt Eidelmaache soll Problem léisen.

Kee flotte Geste vun de Bierger, déi hei nees Gruppentreffe gefeiert hunn. Biller, wou een de Knascht nëmmen esou ronderëm leie gesäit, mä wat ass wierklech dodrunner, gouf hei liicht iwwerdriwwen an et ass eng Polemik entstanen, déi u sech keng ass?

Deene Betraffenen no koum e bëssen Aarbecht dobäi zanter dem Deconfinement, ma d'Botzekippe waren do limitéiert ënnerwee, fir all Ustiechungsgefor aus dem Wee ze goen. Eng Auswierkung op den Alldagsdreck gouf et awer.

D’Hygiènesmesurë goufen dunn och am Hygiène-Service ugepasst a verschäerft. Masken, Händschen an den anere Knascht goufen als Ustiechungsgefor agestuuft an d'Aarbechtsbedingungen ugepasst. Dobäi fänken d‘Gemengenaarbechter zu ënnerschiddlechen Zäiten u mat schaffen.

Et war virun allem op de sozialen Netzwierker, wou wéinst engem Film op den 3 Eechele Verschiddener entsat waren an obwuel d’Gemeng Lëtzebuerg net fir dësen Territoire zoustänneg ass, gëtt et dem Patrick Goldschmidt no eng Erklärung, firwat hei alles vun Dreck iwwerfëllt war. De Grond: ze kleng Poubellen, déi net dacks genuch eidel gemaach goufen. Dëst soll elo geännert ginn.

Den Dreck ass also nees ënner Kontroll, am Endeffekt fale Masken an Händschen elo ebe méi op, well dës virun de Corona-Zäiten eben net zum Alldagsdreck gehéiert hunn.

RTL-NEWS: Nom Päischtweekend huet sech vill Dreck ugeheeft
RTL-NEWS: Och am Confinement gëtt Dreck illegal an der Natur entsuergt

Back to Top
CIM LOGO