Hannert dem Musée Dräi Eechelen gouf déi lescht Deeg iwwer vum gudde Wieder profitéiert.

Scho lescht Woch hate mir Fotoe publizéiert vun Dreck, deen d'Leit um Kierchbierg hannert dem Musée einfach an d'Natur geheit hunn. Nom Päischtweekend huet sech de Knascht op där selwechter Plaz ugeheeft, nodeems gemitterlech am Park giess, gedronk a gefeiert gouf.

Rieds geet net vu just där enger oder anerer Verpackung aus Plastik, mä vun honnerte Fläschen, Becheren, Kartongskëschten oder esouguer Camping-Still, déi do leie gelooss goufen.