
Wéi d’Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire an engem Schreiwes matdeelt, muss de Produit “CAPREA 1" vun der Mark babybio vun 800 Gramm mam Verfallsdatum op den 28/07/2027 zeréckgeruff ginn. Betraff sinn d’Douse mat der Lot-Nummer 899014. Et besteet de Verdacht op eng Veronrengegung vum Mëllechpudder mam toxesche Cereulid, deen duerch d’Bakterie Bacillus cereus entsteet.