
Fir de Produit “Aptamil Pronutra 1" vun 800 Gramm mam Oflafdatum op den 10/11/2026 gouf et eng Réckruffaktioun. Et besteet net just e Verdacht eng Veronrengegung vum Mëllechpudder mam toxeschen Cereulid, mä och wéinst der Bakterie Bacillus cereus.
Dës Bakterie kann no der Consommatioun bannent 16 Stonne Symptomer wéi Erbriechen oder Duerchfall ausléisen, änlech wéi bei enger Cereulid-Vergëftung. Stellt ee bei sengem Kand ee vun de Symptomer fest, sollt een esou séier wéi méiglech bei en Dokter. Iwwerginn an Duerchfall ka bei Puppelcher séier zu enger Dehydratioun féieren.
D’Puddermëllech kritt een hei am Land op e puer Plazen ze kafen.