
Op Demande vun der CSV-Fraktioun hi sinn d'Deputéiert aus der Chamberkommissioun fir Justiz an där fir déi bannenzeg Sécherheet e Mëttwoch fir eng gemeinsam Reunioun beienee koum. Diskutéiert gouf iwwer d'Menace vun Terror an radikalem Islamismus. Mat dobäi waren och de Premier Xavier Bettel an den Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox. RTL-Informatiounen no ass am Kontext vum internationalen Terror iwwer sensibel Informatioune rieds gaangen. Dofir hunn d'Regierungsmembere gefrot, ob dës Reunioun am Huis clos stattfannen kéint. Deputéiert hunn déi Demande akzeptéiert. Op Nofro hi wollte weder d'Volleksvertrieder vun der Majoritéit nach déi vun der Oppositioun iwwer de Contenu vun der Versammlung schwätzen.
Uganks November, den Dag no den Attentater zu Wien, haten d'CSV-Deputéiert Laurent Mosar an Serge Wilmes d'Regierung gefrot, ob si kierzlech eng Evaluatioun vun der Gefor vum Terrorismus duerchgefouert hätten. D'Äntwert vum Premier Xavier Bettel war: d'Gefor ass reell, awer abstrakt. Dat entsprécht dem zweete vu véier Niveaue mat där d'Menace duerch den Terror am nationalen Asaz,an Noutfallplang, genannt VIGILNAT, ageschat gëtt. Zanter 2015 steet d'Land op dësem mëttleren Niveau.
Obwuel den Niveau deemno Uganks November nach net nei evaluéiert gi wär, hätt d'Police de Schutz vu sensibele Plazen hei am Land no den rezenten Attacken an Europa ugepasst, heescht et an der Äntwert vun der Regierung un d'Deputéiert vun der CSV.
Zanter 2007 gëtt d'Gefor duerch Terror vun engem zesummegesate Grupp evaluéiert. Mat ënnert anerem Beamten aus verschiddene Ministèren, Membere vum Geheimdéngscht, oder nach dem Parquet.