
RTL-Informatiounen no wëll d’Entreprise aus dem Onlinehandel jo bis zu 470 Persounen op d’Strooss setzen. Och den Aarbechtsminister Georges Mischo huet keng Zuele genannt kritt.
Hien hat eng Entrevue mat Amazon, well hien hat jo virun enger Woch am Regierungsrot den Optrag kritt hat, mat deene Responsabelen aus dem Betrib d’Gespréich ze sichen an hinnen un d’Häerz ze leeën, op de Wee vun engem Plan de maintien dans l’emploi ze goen.
De Georges Mischo seet, hien hätt nom Gespréich éischter net d’Gefill, datt d’Entreprise dat wëlles hätt. Hien hätt hinnen d’Virdeeler dovunner erkläert an awer och wéi an esou engem Fall wéi deem heiten normalerweis zu Lëtzebuerg verfuer gëtt.
“Ech hunn hinnen de Lëtzebuerger Modell och emol erkläert, dat heescht, dass bei esou Licenciementer, déi dräi Partner am Boot sinn an net nëmmen den Employeur an de Salarié, mee awer och d’Regierung oder de Staat mat do am Boot ass. An ech mengen, et ass eng Lëtzebuerger Traditioun, dass ee probéiert, esou mann wéi méiglech Leit ze entloossen an dass ee mat engem Plan de maintien dans l ‘emploi eng Méiglechkeet huet. Dat ass, mengen ech, de Mëtten elo mol esou opgeholl ginn, awer et ass keng Ausso gemaach ginn, ob se elo direkt op de Wee géife goe vun engem Plan de maintien dans l’emploi oder net. A wann ech meng Gefill nolauschteren, géif ech éischter mengen Nee.”
De Georges Mischo war och net frou driwwer, datt Amazon elo eréischt Zäit hat fir eng Entrevue. Hien hätt déi Responsabel virun enger Woch direkt kontaktéiert an hinnen e Méinden oder spéitstens en Dënschden als Dag ugebueden, Amazon hätt dat wéinst dem Black Friday awer net arrangéiert.
D’Firma Amazon mécht aktuell mam Black Friday a weidere speziellen Deeg hiert grousst Geschäft. Ma e puer Mënschen, déi sech um verreente Freidegmëtten an der Groussgaass afonnt haten, gesinn dat méi kritesch. «Make Amazon pay», «Amazon supports Trump’s racist, sexist and LGBTA+phobic politics” oder “Amazon messes with it’s customers’ private data” steet op hire Plakater ze liesen. D’Aktioun, zu där ënner anerem d’Plattform CELL, d’ASTM, den OGJ, Greenpeace an déi Lénk opgeruff hunn, ass Deel vun enger weltwäiter Aktioun, déi an iwwer 30 Länner ofgehale gëtt.
D’Kritik vun de Manifestanten ass zesummegefaasst, dass Amazon op diverse Punkten ëmmer nees eng Extrabehandlung kritt. Vum Volet vun der Ëmwelt hier gesinn, wier de Konzern net transparent. «Amazon sicht verschidde Chifferen eraus fir ze soen: Kuckt, dee Bam ass super. Mee mir schwätze vum ganze Bësch. Vum ganzen Impakt duerch Amazon», dréckt et de Léonard Andersen vun der Plattform CELL aus.
Wéi och déi aner Tech-Risen, wier Amazon drop spezialiséiert, fir z’evitéiere Steieren ze bezuelen, ënnersträicht de Jean-Sébastien Zippert vum Collectif Tax Justice Lëtzebuerg. Deemno géing d’Entreprise par Rapport zu hirem Benefice net déi Steiere bezuelen, déi se misst. «Lëtzebuerg soll, sou wéi déi aner Länner, wou Amazon aktiv ass, e «Country by country Reporting-System» en place sëtzen», fënnt de Jean-Sébastien Zippert. Heescht, dass d’Entreprise misst soen, wéi vill Benefiss si an all Land mécht, wou se present ass, dat ënner anerem par Rapport vun der Zuel vun de Salariéen.
Amazon géing an den USA eng autoritär Regierung ënnerstëtzen, wou Mënscherechter mësshandelt ginn. Et misst ee sech d’Fro stellen, ob dëse steierlechen Deal, deen d’Regierung mat der Entreprise huet, nach gerechtfäerdegt wier, mengt den André Marques vun Déi Lénk. Eng weider Fro géing sech a Punkto Dateschutz stellen, wou Amazon ëmmer nach kéint mat den Date maachen, wat d’Entreprise wëllt. Wat bréngen déi grouss Investitioune vun Amazon, wann awer Aarbechtsplazen am Land verschwannen, wéi rezent ugekënnegt, freet sech de Representant vun Déi Lénk. Déi Leit, déi entlooss ginn, well se duerch AI ersat ginn, géingen och nees manner zu Lëtzebuerg consomméieren.
Och Collectif Palestine Lëtzebuerg huet sech der Maniff ugeschloss, well Amazon um Projet Nimbus bedeelegt wier. Amazon a Google géingen hei en Dateservice, Cloud an IA ubidden, deen ënner anerem an der Gazasträif vun Israel genotzt gi wier. Dëst fir Bombardementer, a fir d’Verifikatioun vu militäreschen Ziler, wéi de Marc Burggraff erkläert. «Se missten dee Kontrakt am Endeffekt opléisen, well et si ganz kloer Verstéiss géint d’Mënscherechter, déi domat begaange ginn, sou de Vertrieder vum Collectif Palestine.
Mee nees zréck an d’Groussgaass. U wiem wier et dann elo ze handelen? Op éischter Plaz wier et Amazon, mengt de Léonard Andersen vun der Plattform CELL. D’Firma misst méi Engagement weisen. Misst méi transparent ginn a mat sengen ierféierenden Argumentatiounen ophalen. Doriwwer eraus missten d’Regierung an déi ëffentlech Autoritéiten en exigente Kader sëtzen, wat d’Ëmwelt a d’Fiskalitéit ugeet. «A jo, mir Consommateuren, Dir, d’Leit déi consomméieren. Fir är Gesondheet, fir déi zukünfteg Generatiounen», sou de Léonard Andersen. Et wier kuerzfristeg och eng Fro vun der Gesondheet, mee laangfristeg eng vun de Limitte vun eisem Planéit.