
Et ass e Phenomen, deen all Fra duerchlieft, ma deen nach net genuch erfuerscht a virun allem dacks nach tabuiséiert ass: An der Chamber ass e Mëttwoch ënner anerem iwwer d‘Menopause diskutéiert ginn. D‘Deputéiert vun déi gréng, Djuna Bernard, hat der Gesondheetsministesch eng Rei Froen dozou gestallt, wat si an deem Beräich wëlles hätt. D‘Martine Deprez huet betount, datt dëst effektiv e wichtege Sujet wier an datt si dozou eng ganz Strategie wéilt ausschaffen.
Der Weltgesondheetsorganisatioun no, si virun allem Fraen am Alter tëscht 45 a 55 Joer betraff an dat an der Moyenne eng 4 bis 5 Joer laang. De Wee hin zur Menopause gëtt Perimenopause genannt a bréngt dacks desagreabel Symptomer mat sech, wéi d‘Ministesch erkläert.
“Um Wee dohinner, wat ass dann do lass? Jo, bouffée de chaleur. Dir mierkt et, ech souz dohannen, ech hunn de Paltong ausgedoen, ech hunn en elo erëm mussen undoen, well hei steet ee jo normalerweis net ouni Paltong. De Cycle menstruel hält op an et ginn aner Problemer. Et kann een net méi duerchschlofen, et ass ee launesch, et kritt een Depressiounen, et huet een Angschtzoustänn, et huet een Onwuel-si bei sexuellen Aktivitéiten, Inkontinenz an esou weider. Awer den Haaptrisiko sinn d’Risques cardiovasculaires. De Bluttdrock kann an d’Luucht goen, et kritt een eventuell Diabetes, et hëlt een éischter zou an d’Densité osseuse geet erof.”
D’Ministesch war dann och d‘accord mat der Froestellerin, datt et nach net genuch Informatiounen, respektiv net genuch Fuerschung iwwer dës Liewensphas gëtt.
Op d‘Suggestioun, fir mam Aarbechtsminister ze kucken, wéi eng Mesuren op der Aarbechtsplaz kéinten agefouert ginn, fir betraffene Fraen d‘Liewe méi einfach ze maachen, huet d‘Ministesch méi zeréckhalend reagéiert a just dorop verwisen, datt ee sech jo ka krank mellen, wann een net ka schaffen.
“Mir hu schonn Ufroe kritt, och am Kader vun der Endometrios oder vu Schwieregkeete bei den Deeg, wou ee seng Reegel huet. Och do verweisen ech op d’Statute vun der Krankekeess. Allkéiers wann ee wierklech der Meenung ass: ‘haut geet et mir esou schlecht, datt ech net ka schaffe goen, Rendez-vous mat sengem Dokter huelen, fir den Zoustand evaluéieren ze loossen a wann et wéinst der Menopause ass, dann och mat sengem Gynekolog Récksprooch huelen, fir ze kucken, wéi een dat am beschte kann encadréieren, fir esou mann wéi méiglech Symptomer ze hunn. A wann et eng Kéier net geet, dann huet een natierlech d’Recht, sech krank ze mellen.”
Allgemeng wier et awer wichteg driwwer ze schwätzen, sech net ze verstoppen a sech mat anere Betraffenen doriwwer auszetauschen, esou nach d‘Martine Deprez.
E weidere Sujet an der Chamber e Mëttwoch war déi kënschtlech Intelligenz, respektiv déi technologesch Fortschrëtter an hir Auswierkungen op déi Lëtzebuerger Finanzplaz. Hei huet de Finanzminister betount, datt een déi genau am Aen hätt an datt dës ee vun den Haaptpiliere vum Finanzsecteur wieren.
“D’Kënschtlech Intelligenz, dat Digitaalt um Niveau vun der Finanzplaz ass niewent de Banken, den Assurancen, de Re-Assurancen, niewent den Investmentfongen, déi mer hunn, deen drëtte Pilier. Dat ass de Pilier vun der Zukunft, mir musse fit sinn um Niveau vun der Gesetzgeebung, mir musse fit sinn um Niveau vun de Leit, déi dorobber schaffen, déi zu Lëtzebuerg sinn, an der Groussregioun a virun allem doriwwer eraus, an duerfir och déi ausgeweite Steier-Initiativen a Steier-Incitativen, déi mer hunn.”
Da gouf och nach iwwer Gewalt an Diskriminatioun am Sport geschwat. Hei huet de Sportminister Georges Mischo betount, datt Wäerter wéi de géigesäitege Respekt, Fair-Play, Integritéit an Zesummenhalt, d’Fundament vum Lëtzebuerger Sport wieren. D’Sportler a Sportlerinne wieren all Dag am Sport domat konfrontéiert a géifen déi och no bausse weiderginn, wieren deemno d‘Ambassadeure vun dëse Wäerter. Gläichzäiteg wëll de Minister sech net amëschen, wann et ëm d‘Selektioun vun Nationalspiller geet. Dat wier d’Responsabilitéit vun de jeeweilege Federatiounen. De Georges Mischo huet ënnert anerem awer annoncéiert, datt eng Ulafstell soll geschaaft ginn, fir Affer vun psychescher oder physescher Gewalt, genee wéi vu verbalem oder sexuellem Harcèlement an anere inakzeptabelen Handlungen am Sportberäich.