
Si bedaueren, dass fënnef Joer verluer goufen, bis en Accord fir de Remboursement vun de Psychotherapië konnt fonnt ginn, wat kloer zu Laaschte vun de Patiente goung. An och den nationalen Aktiounsplang wier schonn zweemol verluecht ginn a soll dann endlech dëst Fréijoer virleien.
Souwuel bei der Betreiung, wéi och der Präventioun vu mentale Kränkte wier nach jett Sputt no uewen. Konkret proposéieren déi jonk gréng nieft der medezinescher och eng obligatoresch psychologesch Consultatioun all zwee Joer an der Schoulen, grad ewéi eng besser Sensibiliséierung vu Schüler an och dem Léierpersonal fir esou eventuell Problemer méi séier erkennen ze kënnen.
Donieft sollt d’Recht op zwee Deeg Homeoffice hëllefen, eng besser Work-life-balance ze fannen. Burn-oute sollen iwwerdeems als Beruffskränkt unerkannt ginn.
Aner wichteg präventiv Mesure wier et, d’Aarmut ze verhënneren an ze bekämpfen. Grad Mënschen a prekäre finanzielle Situatiounen hätten e méi grousse Risk fir psychesch Problemer ze entwéckelen. Dofir ass et hei d’Propos, fir de Steierkredit fir Leit, déi de Mindestloun kréien, ze erhéijen an eng automatesch Indexéierung vun der “Allocation de vie chère”.