
De Mercosur-Fräihandelsaccord kéint ganz geschwënn, schonn nächste Méindeg, gréng Luucht kréien. Op der ausseruerdentlecher Reunioun vun den EU-Agrarministeren e Mëttwoch huet d’EU-Kommissioun nach eemol Zougeständnesser gemaach, fir d’Memberstaaten z’iwwerzeegen.
D’Kommissioun huet ënner anerem proposéiert, fir d’EU-Import-Taxen op verschiddenen Düngemëttel erofzesetzen an eventuell sollen och verschidden CO2-Grenzwäerter ausgesat ginn. Donieft kéinten déi europäesch Baueren – méi fréi wéi eigentlech geplangt – 45 zousätzlech Milliarden aus dem nächsten EU-Budget kréien. D’Kommissioun versicht domat, déi néideg Majoritéit vu 15 EU-Memberstaaten ze kréien, déi op d’mannst 65 Prozent vun der EU-Populatioun representéieren.
Bis ewell waren Ungarn a Polen dogéint, sou wéi déi zwee gréisst Produzenten am Agrarsecteur Italien a Frankräich. Déi véier hate verhënnert, dass den Accord am Dezember konnt ënnerschriwwen ginn.
D’Baueren fäerten, dass mat dësem Accord den europäesche Maart mat bëllegem Fleesch aus Südamerika iwwerrannt gëtt. Dowéinst goufen et am Dezember grouss Protester zu Bréissel an uechter Frankräich. Och haut sinn d’Baueren nees mat hiren Trakteren an déi franséisch Haaptstad gefuer.

Fir de President vun der Bauerenzentral Christian Wester ass et kloer: “Mir bleiwe bei der Positioun, dass de Mercosur-Fräihandelsaccord riseg Defie fir d’Landwirtschaft bedeit. Dat ännert och elo näischt dorun, wann do elo eenzel Länner Partikular-Interessen duerchgesat kritt hunn. Och an den anere Länner, déi fir den Accord stëmmen, sinn d’Baueren alleguerten net begeeschtert vun dem Handelsaccord, well einfach riseg Ongläichheeten an de Produktiounsmethode bestinn tëscht hei an Europa an de Mercosur-Staaten [dat sinn Argentinien, Brasilien, Bolivien, Paraguay an Uruguay, ndlr.] A sou laang mer do keng Satisfaktioun kréien, wäerte mer och net kënne gutt fannen, dass den Accord do kënnt.”
Donieft hätt een nach net ganz vill Detailer iwwer déi Zougeständnesser vun der EU-Kommissioun.
Do hofft een awer op Fairness, sou de Christian Wester weider: “Mir liesen awer an eise landwirtschaftleche Medien, dass verschidden Zougeständnesser bei der nächster GAP-Reform un déi Länner gemaach gi sinn. A wéi wäit déi sech elo op déi Länner, déi sech net opposéiert hunn, wäerten auswierken. Dat entzitt sech – Stand haut – eiser Erkenntnis. Mee ech mengen, wann do Zougeständnesser gemaach ginn an do Länner Partikular-Interessen duerchsetzen an déi aner Länner net dovu profitéieren, da wier dat fir den Zesummenhalt an der EU och net gutt an dat ass eppes, wat mir zu dësen Zäiten och net kënne gebrauchen.”
D’Lëtzebuerger Agrarministesch seet no der Reunioun vun e Mëttwoch, et misst een onofhängeg vum Mercosur oppassen, d’Standarde vun Europa net esou strikt ze maachen, dass d’Liewensmëttelproduktioun an Drëttlänner verlagert gëtt: “Mer brauche vergläichbar Standarden an Europa an da baussent Europa. Positiv ass, dass d’Kontrollen op eise Grenzen ëm 30 Prozent verstäerkt ginn. D’Auditen an Drëttlänner ginn ëm 50 Prozent an d’Luucht gesat. Dat heescht, dass och do d’Kontrolle méi staark ginn.”
Italien schéngt och e Mëttwoch gewackelt ze hunn. Den Ausseminister Tajani huet d’Efforten vun der Kommissioun gelueft an domadder kéint dann déi néideg Majoritéit erreecht ginn. D’EU-Kommissioun brauch fir de Mercosur-Deal den Accord vu 15 EU-Memberstaaten, déi op d’mannst 65 Prozent vun der EU-Populatioun representéieren. An duerno muss de Fräihandelsaccord och nach vum EU-Parlament ofgeseent ginn.