Als grouss Gewënnerin geet d'Michèle Detaille, Presidentin vun der Fedil ervir. D'Jury huet si un d'Spëtzt vum Klassement gewielt, well si sech an hirer Roll als Chef d'Entreprise, Member vum Conseil d'Administration a Porte-Parole vun der Entreprise ëmmer géif mat voller Energie asetzen. Si konnt sech domadder virun der Françoise Thoma an dem Nicolas Buck behaapten.
E professionelle Jury huet zanter Wochen aus 1.000 Proposen, déi erakoumen, déi 100 wichtegst Leit erausgesicht. An der Zeremonie um Mëttwoch den Owend am Auditoire vu PWC goufen dunn déi 10 Éischt am Klassement virgestallt.
Fir d'Entreprisen an d'Decideure vum Land war 2020 sécher e ganzt aussergewéinlecht a schwieregt Joer. Mir hunn d'Top 10 dofir gefrot, wat si sech fir 2021 fir d'Land géife wënschen a wéi si déi nächste Méint aschätzen.
1. Michèle Detaille (Fedil)
2. Françoise Thoma (BCEE)
3. Nicolas Buck (Seqvoia)
4. Laurent Schonckert (Cactus)
5. Fernand Ernster (Librairie Ernster)
6. Sasha Baillie (Luxinnovation)
7. Nicolas Mackel (Luxembourg for Finance)
8. Marcel Leyers (BIL)
9. Philippe Dupont (Arendt & Medernach)
10. Nora Back (OGBL)