Kuerz no 9 Auer e Sonndeg de Moien ass d'Nei Avenue fir de Verkéier gespaart ginn. Bis kuerz viru Mëtteg gouf hei d'Generalprouf vun der Militärparad duerchgespillt. Den Iwwerfluch vun de Fligere vun der Lëtzebuerger Arméi war schonn de leschten Donneschdeg geüübt ginn.
Nieft dem Oflaf vun der Parad war virop d'Wieder een Thema. Sollten d'Prognose sech confirméieren, kéint dësen Nationalfeierdag ee vun deene wäermste ginn. Bis elo gouf déi héchst Temperatur um 23. Juni 2016 gemooss. Deemools waren et 31,7 Grad. Och 2005 an 1967 waren et iwwer 30 Grad. 2026 kéint dës Rekorder knacken.
D'Arméi an de CGDIS hunn hiren Dispositiv schonn ugepasst. De medezinesche Service vun der Arméi këmmert sech ëm d'Participantë vun der Parad, de CGDIS ass fir de Public zoustänneg.
Wéinst der Hëtzt huet de CGDIS e Sonndeg de Moien decidéiert, datt keng Déieren un der Parad deelhuelen. Och bei der Generalprouf waren d'Hondsmeeschteren ouni hir Muppen ënnerwee. Dernieft hunn déi meescht Corpsen d'Uniformen un déi héich Temperaturen ugepasst. Laanscht d'Streck vun der Parad gi verschidde Waasserstatiounen opgeriicht. Am Laf vum Moie gouf dann och driwwer diskutéiert, ob d'Parad wéinst der Hëtzt soll verluecht, respektiv méi fréi soll ufänken. Déi Méiglechkeet gouf aktuell awer net zréckbehalen. Duerfir ginn et awer licht Adaptatioune beim Oflaf a bei den Uniformen.