
En Dënschdeg an der Mëttesstonn ass et um CR 115 tëscht Rouscht a Kruuchten zu engem Accident komm. Eng Persoun gouf blesséiert, nodeems e Bus an e Moto gerannt war. D'Pompjeeë vu Biissen an d'Ambulanz vu Miersch waren op der Plaz.
Een accidentéierte Moto krut de CGDIS och en Dënschdeg am spéide Moie kuerz no 11 Auer an der Rue de Soleuvre zu Bieles gemellt. De Chauffer vum Moto gouf dobäi blesséiert a krut vun de Rettungsekippen vum Sadiff a vun Diddeleng gehollef.
An der Rue Nicolas Martha zu Bouneweg gouf et ëm 11:16 Auer nach een accidentéierten Auto. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
En Dënschdeg am Nomëtteg huet de CGDIS dann nach zwee verschidde Bränn gemellt krut. Géint 14:30 Auer huet Gestrëpp zu Haassel an der Rue de Weiler la Tour gebrannt. Doropshi waren d'Pompjeeë vun Duelem, Hesper, Weiler an aus der Stad, sou wéi d'Ambulanz vun Diddeleng op der Plaz.
Kuerz no 16 Auer hat et dann op enger Terrass op der Route de Luxembourg zu Bäreldeng gebrannt. Bei béide Virfäll ass keng Persoun ze Schued komm.