
Dat war de Constat an eiser Emissioun Kloertext iwwer Steieren a Gerechtegkeet en Donneschdeg.
D'CSV huet an der Finanz- a Budgetskommissioun vum aktuelle Momentum ëm een net onbedéngt neit Thema profitéiert, fir de Finanzminister fir d'nächst Woch an d'Kommissioun ze bestellen.
Vue datt et e breede politesche Konsens gëtt, wéilt een elo en Zäitplang zu deenen 2 Punkten: D'Circulaire, déi festleet, wéi eng Steiere musse bezuelt ginn, wann ee sech en Deel vu senger Pai an Aktien ausbezuele léisst, an déi sougenannte FISen, speziell Fongen, déi vu groussen Immobiliebesëtzer genotzt ginn, fir quasi keng Steieren ze bezuelen.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar: "Dat éischt ass, datt déi Circulaire zréckgezu gëtt oder suppriméiert gëtt, dat 2. ass, datt mer gär spéitstens bis Enn vun dësem Joer e Projet de Loi um Dësch leie gesinn, deen u sech déi Gesetzgebung iwwert d'FISen an deem Sënn ëmännert, datt déi ganz Immobilientransaktiounen, wou jo riseg Plus-value realiséiert ginn, datt déi ganz normal besteiert ginn, wéi all aner Immobilientransaktioun an dësem Land och."
Den DP-President vun der Kommissioun André Bauler sot, hie géif dovunner ausgoen, datt de Finanzminister Pierre Gramegna an den nächste 14 Deeg kéint an d'Kommissioun kommen a wollt deem net virgräifen.
De Vizepresident vun der Finanz- a Budgetskommissioun an LSAP-Fraktiounschef Georges Engel sot sengersäits, datt hie geschwë mat Annoncë géif rechnen.
"Ech kéint mer virstellen, oder ouni et elo definitiv kënnen ze behaapten, datt beim nächste Budget, esou wéi dat oft beim Budget ass, datt do verschidden Annoncë gemaach ginn, datt och do de Finanzminister wäert déi hei Annonce kënne maachen, wat bei de FISen a wat bei de Stock Options geschitt an ech ka mer dofir virstellen, dass an deenen nächsten Deeg schonn dee Plang, deen de Finanzminister sécher schonn huet, wäert och kënne public ginn."
D'Koalitioun misst sech d'Stock Options an d'FISen zur Prioritéit maachen, där Meenung ass de gréngen Deputéierte François Benoy, dee kee Grond gesäit, firwat dat net an den nächste Méint kéint ëmgesat ginn.
"Esouwuel bei de Stock Options, wéi bei de FISen, ass dat, wéi ech dat gesinn, relativ einfach ze maachen, dat heescht ech mengen, d'Koalitioun sollt sech do zesummesetzen a kucken, mat deene Verwaltungen, déi do zoustänneg sinn, fir dat do zäitno ze maachen."
