Virum EU-ConseilsgebaiMinistère fir bannenzeg Sécherheet reagéiert op Kritik iwwer Kameraiwwerwaachung

RTL Lëtzebuerg
De Ministère fir bannenzeg Sécherheet reagéiert op d'Kriticken, déi Memberen aus dem Stater Gemengerot e Méindeg gemaach hunn.

Dëst, wéi driwwer diskutéiert gouf, ob d’Kameraiwwerwaachung virum EU-Conseilsgebai um Kierchbierg soll verlängert ginn.

Wärend der Diskussioun huet sech erausgestallt, datt d’Entrée vun engem Hotel géif mat gefilmt ginn. Dat confirméiert de Ministère. E präziséiert a sengem Schreiwes, datt d’Kameraen d’Place de l’Europe filmen, d’Niewestroosse vum Conseilsgebai, den Tunnel an d’Stroossen niewent der Philharmonie. D’Entrée vum Hotel, déi mat gefilmt gëtt, eng hënnescht Entrée wéi et am Communiqué heescht, wier awer nëmmen zum Deel am Bléck vun enger eenzeger Kamera, déi och net speziell den Hotel viséiere géif, mä d’Voie publique. Et géif e reelle Besoin bestoen, datt dës Zon punktuell iwwerwaacht gëtt.

Déi concernéiert Instanzen, déi fir hiren Avis am Kader vum Visupol-Gesetz consultéiert gi wieren, hätten e kompletten Dossier, deen d’Police zesummegestallt hätt an an deem detailléiert Pläng a Fotoe wieren. Do géif ee kloer gesinn, wou d’Kamerae wieren a wat se géife filmen.

Wärend verschiddenen Analysen hätt d’Police fir eng Rei Punkte Léisunge proposéiert, déi och am Dossier wieren, deen déi verschidden Acteure kritt hunn, déi fir hiren Avis gefrot goufen.

Bis elo hätt den zoustännege Procureur d’Etat säin Avis era ginn, elo géing een nach op dee vun enger consultativer Kommissioun an dee vum Gemengerot waarden. Deen ass wéi gesot e Méindeg gestëmmt ginn. E positiven Avis, deen awer op verschidde Schwieregkeeten opmierksam mécht.

D’Diskussioun, ob d’Iwwerwaachung verlängert gëtt, ass néideg ginn, duerch dat neit Visupol-Gesetz, dat den 1. Juli zejoert gestëmmt gouf an den hallwe Juli vum Grand-Duc ënnerschriwwe gouf. An deem ass virgesinn, datt d’Kameraen, déi et scho gëtt, bannent engem Joer mussen nei evaluéiert ginn.

Visupol Kameraiwwerwaachung um Kierchbierg: Entrée vun Hotel gefilmt, Biller deelweis vu privater Sécherheetsfirma gekuckt

Back to Top
CIM LOGO