Unerkennung fir RTL-Reporter Oliveira"Ech hätt ni geduecht, datt dës Foto enges Daags op engem Timber wier!"

Loïc Juchem
Eng spontan Foto vum Pont Adolphe huet fir den RTL-Reporter Domingos Oliveira eng ganz besonnesch Bedeitung kritt. Si ass zanter dësem Dënschden op engem neien Timber vun der Post ze gesinn.

Am Hierscht 2024 war den RTL-Fotograf Domingos Oliveira mat senger Kamera an der Stad ënnerwee. Hie wollt d'Faarwe vum Hierscht afänken. Vum Pafendall aus ass hien a Richtung Uewerstad gaangen an op der Place de la Constitution huet hien de Pont Adolphe gesinn. Genee an deem Moment ass den Tram iwwer d'Bréck gefuer – an den Domingos huet seng Foto gemaach. Eng spontan Opnam, bei där hie sech deemools wuel net virgestallt huet, datt d'Foto enges Daags op engem Timber géif landen.

Ma genee dat ass elo geschitt. D’Post huet dësen Dënschden eng Serie vu fënnef neie Spezialtimberen erausbruecht. Op engem vun hinne gesäit een de Pont Adolphe.

© Domingos Oliveira / RTL

D’Foto ass fir d’Timberen awer liicht ugepasst ginn. Sou ass den Timber eng Kombinatioun aus dem Domingos senger Foto an enger historescher schwaarz-wäisser Foto vum Pont Adolphe aus der Sammlung vun der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg. Domat soll gewise ginn, wéi d'Bréck sech iwwer Joerzéngte verännert huet. Och den Tram op der moderner Foto ass um Timber e bëssen anescht positionéiert wéi op der Originalopnam.

Fir den Domingos Oliveira ass d’Publikatioun eng besonnesch Unerkennung fir seng Aarbecht. „Ech hätt ni geduecht, datt dës Foto enges Daags op engem Timber wier“, erzielt den RTL-Reporter. D'Foto war virdrun an engem Artikel vun RTL Today ze gesinn, wou se als Illustratioun benotzt gouf. Eng Persoun vun der Post huet se do gesi gehat an den Domingos iwwer Instagram kontaktéiert.

De Pont Adolphe als Verbindung tëscht Vergaangenheet an Zukunft

D'Adolphe-Bréck ass dobäi net nëmmen en architektonescht Motiv. De Pont Adolphe gouf tëscht 1900 an 1903 gebaut a war deemools eng technesch Innovatioun. Mat sengem grousse Bou huet en d'Uewerstad mam deemools entstoende Quartier ronderëm d'Gare verbonnen.

Iwwer d'Jore gouf d'Bréck weider moderniséiert. Ënnert anerem gouf se un den Tram ugepasst. Haut steet si domat och fir d'Verbindung tëscht Vergaangenheet an Zukunft. Fir d’Post war genee dës Entwécklung d'Iddi hannert dem Design vum Timber. Eng historesch Opnam trëfft op dat modernt Bild vum Pont Adolphe mam Tram.

Fir den Domingos geet et awer virun allem ëm d'Freed un der Fotografie. Hien ass zanter Joren zu Lëtzebuerg ënnerwee – ëmmer mat senger Kamera dobäi. „Et gëtt een, dee mir emol gesot huet: 'Du gesäis dat, wat anerer net gesinn.' Dofir hunn ech dëse Beruff esou gär“, seet den Domingos Oliveira.

20.000 Exemplairë vum Timbere goufe gedréckt. De Präis läit bei 1,70 Euro.

Hei geet bei den Artikel vun RTL Infos

Back to Top
CIM LOGO