PrezedenzfallLéierin wéinst politescher Aktivitéit an de Soziale Medien entlooss

Maura Lehmann
Ian Pocervina
Den Educatiounsministère huet confirméiert, datt eng Léierin wéinst hiren Aktivitéiten an de Soziale Medien, déi als inacceptabel agestuuft goufen, entlooss ginn ass. Si selwer insistéiert awer, hir pro-palästinensesch Bäiträg wieren aus dem Kontext geholl ginn.
© Nathan Cima /Unsplash

Leschten Donneschdeg huet d’Noriicht an de Soziale Medien d’Ronn gemaach, datt eng “Léierin vum Lëtzebuerger Educatiounsministère entlooss gouf ,wéinst Bäiträg, déi si op hirer privater Säit fir Palästina gepost huet”. De Ministère konnt zwar keng konkret Detailer zu dësem Fall erausginn, huet awer géintiwwer RTL confirméiert, datt déi betraffe Léierin tatsächlech wéinst hirer Aktivitéit an de Soziale Medien entlooss gouf, well de Ministère d’Verhalen als inakzeptabel ugesinn huet.

D’Léierin selwer seet am Gespréich mat RTL, hir Entloossung wier d’Resultat vun enger dauerhafter, geziilter Campagne fir hire pro-palästinenseschen Aktivismus als antisemittesch duerzestellen: Ausgewielten Instagram-Bäiträg, déi si gedeelt hat, wieren als Screenshot festgehalen an duerno un de Ministère geschéckt ginn. Dësen huet doropshin d’Prozeduren ageleet, fir hiren Aarbechtskontrakt opzeléisen.

“Déi [Screenshotten] si komplett aus dem Kontext geholl ginn”, insistéiert si. Si betount weider, datt si net géint Judde wier. Si hätt zanter der Hamas-Attack op Israel vum 7. Oktober probéiert drop opmierksam ze maachen, datt een tëscht Zionismus a Juddentum misst ënnerscheeden, well si géint Krichsverbrieche wier, déi am Numm vun de Judden ausgeüübt géife ginn.

E Pressespriecher vum Ministère huet drop higewisen, datt d’Recht op Meenungsfräiheet fir Mataarbechter natierlech respektéiert gëtt, mee och Grenzen hätt, nämlech do, wou Aussoe géint d’Gesetz verstoussen, wéi zum Beispill Ustëftung zu Haass, Opriff zu Strofdoten oder d’Verbreedung vun extremisteschen Ideologien. Gläichzäiteg wieren d’Leit am Staatsdéngscht u speziell Flichte gebonnen: Si dierften dem allgemengen Interessi kee Schued zoufügen a misste sech am Kader vun hirer Funktioun, souwuel am Beruffs- wéi och am Privatliewen, mat Dignitéit behuelen.

Eng ëmstridden Approche

D’Aktivitéiten an de Soziale Medien, déi zur Entloossung gefouert hunn, baséieren op enger Auswiel vu Screenshotte vu Beiträg op Instagram, déi d’Léierin nei gedeelt hat. D’Inhalter decke verschidde Beräicher of, vun informative Bäiträg bis zu Boykott-Opruffer – dat deelweis mat Referenzen op ëmstridden historesch Figuren, fir hir Argumenter z’ënnersträichen.

E Screenshot vun enger Instagram-Story, déi dem Ministère geschéckt gouf.
E Screenshot vun enger Instagram-Story, déi dem Ministère geschéckt gouf.
© Instagram

E konkrete Virworf géint d’Léierin ass, datt si dem Staat Israel net d’Recht op Existenz géing ginn an doduerch Haass géint dat jiddescht, respektiv israeelescht Vollek ugestëft hätt. Hei geet et ëm e Video, deen en orthodoxt Ritual weist, dat ënnert dem Numm “Kapparot” bekannt ass. Doriwwer stoung geschriwwen: “Si gleewen nëmmen un ëmbréngen! Israel huet net d’Recht, fir z’existéieren”.

Wat ass Kapparot?

Wéi d’Léierin RTL erkläert, wieren hir Bäiträg ëmmer nees bei den Autoritéite gemellt ginn, dat nach éier si un de Ministère weidergeleet goufen. Op Nofro huet de Parquet confirméiert, datt e puer vun dëse Fäll ouni weider Suite klasséiert goufen, wärend aner Enquêten nach amgaange sinn.

Konkret Resultater

E puer vun de Bäiträg vun der Léierin an de Soziale Medien hunn och zu konkrete Gespréicher a Resultater gefouert. E Beispill ass en Opruff zu engem Boykott vun der Firma Grosbusch, well dës Dattelen aus Israel verkaaft hunn. Géintiwwer RTL huet de CEO Goy Grosbusch erkläert, hien hätt de Boykott als Geleeënheet gesinn, fir méi iwwert de Konflikt tëscht Israel a Palästina ze léieren, dat am Gespréich mat enger gutt informéierter Persoun, fir sou hoffentlech kënnen “Deel vun der Léisung” ze sinn.

Screenshot vun der Léierin hirer privater Story op Instagram, mam Text "Wa se behapten, Saachen ze zerstéiere géing de Problemer net léisen, mee op eemol keng Friichte méi aus Israhell ze fanne sinn".
Screenshot vun der Léierin hirer privater Story op Instagram, mam Text “Wa se behapten, Saachen ze zerstéiere géing de Problemer net léisen, mee op eemol keng Friichte méi aus Israhell ze fanne sinn”.
© Instagram

De Goy Grosbusch huet sech dowéinst mat der Léierin getraff, déi de Boykott géint seng Firma mat ugestouss hat. Hie beschreift dëst Treffen als “konstruktiv” a seet weider, et hätt gehollef, him “d’Aen opzemaachen”.

Am Betrib wier ee sech schonn zanter enger Zäit bewosst, datt et a villen europäesche Länner eng Oppositioun géint Produiten aus Israel géif ginn, esou de CEO. Dowéinst wier ee prinzipiell oppe gewiescht, fir no alternative Liwwerante fir Dattelen an aner Liewensmëttel ze sichen. “Mee mir hu missten oppassen, datt d’Alternativen op mannst déi selwecht oder eng besser Qualitéit hätten”, sou de Goy Grosbusch.

Mat Hëllef vun der Boykott-Beweegung huet Grosbusch eng Alternativ fonnt: d’Dattelen, déi d’Firma verkeeft, ginn elo aus Palästina kaf.

Well de Boykott géint d’Grosbusch-Firma Deel vun de Grënn war, op déi de Ministère seng disziplinär Prozedur géint d’Léierin opgebaut huet, huet d’Entreprise selwer e Bréif un de Ministère geschriwwen, an deem si d’Léierin verdeedegt huet. Do gouf ënnerstrach, si hätt “näischt Kriminelles” gemaach.

“Si huet d’Häerz um richtege Fleck”, sou de Goy Grosbusch weider am Gespréich mat RTL.

E Prezedenzfall

An engem weidere Gespréich huet den Educatiounsministère betount, politesch Meenungsäusserunge vu Léierpersonal a Mataarbechter vum Ministère wieren heefeg a géife grondsätzlech toleréiert ginn – besonnesch am Kontext vun de Kricher an der Ukrain a vu Palästina. An dësem konkrete Fall wieren awer d’Aussoe vun der Léierin “iwwer déi normal Grenzen” erausgaangen. Dëst wier duerfir déi éischte Kéier, datt de Ministère eng Persoun explizitt wéinst Aktivitéiten an de Soziale Medie entlooss hätt.

Well zu Lëtzebuerg Aarbechtsplaze beim Staat als besonnesch sécher gëllen an Entloossungen éischter rar sinn, huet genee dëse Punkt fir vill Opmierksamkeet an de Soziale Medie gesuergt. Mat der Entloossung vun der Léierin weist de Fall deemno, datt Patronen zu Lëtzebuerg – dorënner de Staat – och ouni strofrechtlech Verurteelung d’Méiglechkeet hunn, eegen disziplinär Enquêten anzeleeden, déi zu anere Conclusiounen ewéi d’Justiz komme kënnen.

Back to Top
CIM LOGO