Carlo Thelen"Mir brauche Changementer am Index-System"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce am Interview op der Tëlee.
Carlo Thelen am RTL-Interview
Wéi een Impakt hat d’Coronakris op d’Ekonomie an d’Betriber? Doriwwer hu mir am Journal op der Tëlee mam Generaldirekter vun der Chambre de Commerce geschwat.

Mir géifen d’Joer zwar mat engem relativ staarke Wuesstem ofschléissen, d’Croissance läit bei 7 Prozent, mä am Verglach zu 2020 hätt een och nach vill ze rattrapéieren. Do louch de Wuesstem just bei 1,8 Prozent.

D’Changementer, déi de Generaldirekter vun der Handelskammer am Index-System fuerdert, betreffen de Wuerekuerf.

“Mir wëllen den Index-System net ofschafen, mir soe just, esou wéi en am Ament besteet, mat der kompletter, integraler an automatescher Upassung un d’Inflatioun, ass net méi zäitgeméiss an och net nohalteg. Dofir plädéiere mir éischter fir e System, wou een a sech mat engem nohaltege Kuerf schafft.

Datt een all déi Produite géif eraushuelen, déi schiedlech fir d’Gesondheet sinn. Alkohol, Tubak awer och d’Energiekäschten. Mir wëlle jo, datt d’Leit opgefuerdert ginn, fir de gratis ëffentlechen Transport ze benotzen an net méi esou vill Energie benotzen. Et ass bësse kontradiktoresch, wann een dann esou Produiten am Wuerekuerf léisst.”

Fir net déi Leit ze strofen, déi schonn net vill hunn, seet de Carlo Thelen, misst een hinne mat geziilten Allocatiounen hëllefen.

D’Pandemie hat bis elo e groussen Impakt op d’Betriber an dat geet virun. Den 3G-System op der Schaff ass an den Aen vum Generaldirekter vun der Chambre de Commerce och eng Mesure, déi schwiereg ass fir d’Entreprisen.

“Verschiddener si scho prett, anerer schaffen drun. Dat gëtt och erëm en neie Käschtepunkt. Et muss een oppassen, datt dat net dozou féiert, datt d’main d’oeuvre, déi scho rar ass, datt een do net nach méi Ausfäll huet u Leit, déi net schaffe kommen oder e Krankeschäin huelen. Do musse méi Kontrolle kommen, denke mer. Fir de Rescht ass den 3G-System, déi lescht Etapp virun enger Impfflicht, mä mir mussen onbedéngt den Impftaux an d’Luucht kréien, soss komme mer nach méi laang net aus där Pandemie eraus.”

An deen Taux läit aktuell bei 79 Prozent. An Tëschenzäit goufe méi wéi 1 Millioun Dosissen zu Lëtzebuerg gesprëtzt.

Back to Top
CIM LOGO