Paul Galles"Mir brauchen e Plan d'urgence fir d'Energie a fir de Klima!"

Claudia Kollwelter
Dat huet den CSV-Deputéierte Paul Galles en Dënschdeg an enger Aktualitéitsstonn gefuerdert, an där et ëm d'Energiesécherheet gaangen ass.
© AFP

Mam Ukrain-Krich an der Hausse vun den Energiepräisser géife sech eng ganz Partie Froe stellen an déi huet d’CSV och direkt e puermol widderholl.

Aktualitéitsstonn Energie/Reportage Claudia Kollwelter

An dat well de Paul Galles kritiséiert huet, datt een net wéisst, wat méiglech Zenarie fir d’Zukunft wieren. Wat wier, wa Russland de Krunn zoudréit? Wann en Embargo ausgeschwat géif ginn? Wann een net méi op russesch Energie kéint zougräifen? Den zoustännege Minister Claude Turmes huet betount, datt d’Versuergungssécherheet eng kloer Prioritéit wier an een e Plang hätt. Nämlech den nationalen Energie- a Klimaplang mat senge 50 Mesuren, déi elo sollen acceleréiert ginn. Et hätt een awer och e Plang wann et géif haart op haart kommen.

An deen ass sou gestréckt, datt kritesch Infrastrukture wéi d’Klinicken absolut Prioritéit sinn, dono d’Bierger, Professioneller an d’Industrie. Ech hoffen net, datt ech dee Plang jee muss aus dem Tirang eraushuelen, mee mir hunn en an en ass mat Creos duerchgespillt.

De Krich an der Ukrain géif eisen Energiesystem an eis Energiesécherheet a Fro stellen, huet den CSV-Deputéierte Paul Galles ënnerstrach an huet eng Partie Chiffere genannt, fir d’Ofhängegkeet vu Russland ze ënnersträichen.

41% vum Gas kënnt aus Russland, 26% vum Réi-Ueleg a 46% vun der Kuel. Da stellt sech natierlech d’Fro, wat dat alles fir eis bedeit fir d’nächst Joer fir eis alleguer.

Beim Gas wier een ze vill ofhängeg vu Russland an et misst ee séier do eraus, huet de Claude Turmes zouginn.

Insgesamt hëlt de Gasverbrauch an Europa of, schonn déi lescht Joren an e wäert déi nächst Joren nach vill méi ofhuele wéinst der Klimapolitik. De meeschte Gas gëtt genotzt, fir Haiser ze hëtzen an duerch energieeffizient Mesuren hëlt de Gas do of.

D’CSV huet iwwerdeems en Dënschdeg an der Chamber eng Resolutioun deposéiert, déi eng Spezialkommissioun gefuerdert huet, fir de sozialen a wirtschaftlechen Impakt vun der Präisdeierecht vun den Energiepräisser ze suivéieren. Dës Resolutioun gouf allerdéngs net ugeholl. De Claude Turmes huet ënnerstrach, datt ee keng Panik maache sollt, et wuel eng immens Hausse lescht Woch bei den Energiepräisser gouf, déi sech awer och scho rëm berouegt hätt an een d’Situatioun permanent monitore géif. Et misst een och bedenken, datt d’Präisser wesentlech méi bëlleg hei am Land wiere wéi an eisen Nopeschlänner.

Prozentual gëtt et keen anert Land, wou souvill géint d’Energieaarmut gemaach gëtt. D’Indexation automatique, d’allocation de vie chère, beim Gas, dee vill méi wéi de Masutt geklommen ass, hu mer geziilt eppes gemaach, fir de Clienten entgéintzekommen. A mir hunn de Stroum stabiliséiert.

Géifen d’Präisser sech erëm verschlëmmeren, géif een als Regierung och agéieren, huet den Energieminister verséchert.

Back to Top
CIM LOGO