
Virop koum am Gespréich eraus, dass d’Lounkäschte fir vill Patronen eng Erausfuerderung duerstellen. Zemools fir kleng Betriber géifen d’Léin 50 bis 60 Prozent vun de Käschten ausmaachen. Do géif een all Indextranche spieren. Dozou kéim dann nach de Mangel u Personal. E gudden a qualifizéierte Mataarbechter kéint haut eigentlech froen, wat e wéilt, well kee Patron et sech erlabe kéint, dëse goen ze loossen.
Dozou kéim dann nach de Fait, dass vill Mataarbechter mat der Zäit an de Secteur public wiessele géifen, well een hei ënner anerem méi flexibel Aarbechtszäiten hätt a bei de Banke géif éischter e Prêt accordéiert kréien.