
Presentéiert gouf d'Evaluatioun vum Budgetsprojet fir 2021 am Pluriannuelle 2020-2024. Previsioune wieren de Moment immens schwéier ze maachen.
De Budget, wéi e vun der Regierung presentéiert gouf, baut op engem zentralen Zenario op, dee kee weidere Lockdown virgesinn huet, awer och net dovun ausgeet, datt mer de Virus séier lass sinn. Rieds geet an deem Fall vun enger V-Kurv. Wann allerdéngs erëm e Lockdown kënnt, bei eis oder an den Nopeschlänner, dann ännert déi Situatioun, erkläert de President vum CNFP, Romain Bausch:
Da sinn mer am "U". Da kommen mer do net eraus a sinn an engem defavorabelen Zenario. Da stellt sech d'Fro wéini de Vaccin kënnt, an deen eis aus der Dëll eraus bréngt. Mat deem defavorabelen Zenario sëtze mer nach 2021 am Lach, aus deem een 2022 ufänkt aus dem Lach eraus ze kommen.
Dem Romain Bausch no misst een hoffen, esou no wéi méiglech bei enger V-Kurv ze leien, mä et wéist een de Moment einfach net, wou een um Enn vum Dag lande géif. Den nationale Rot fir d'Staatsfinanzen hofft, datt een duerch d'Previsioune vum Statec an den nächste Woche méi Kloerheet kritt, wat op d'Lëtzebuerger Ekonomie duer kënnt. Fir 2020 gëtt mat engem Defizit vu 4,4 Milliarden Euro vum PIB gerechent, 2021 soll deen nach bei 1,75 Milliarde leien.
An dat bleift och bei iwwert enger Milliard 2022, an och 2023. 2024 geet et op -655 Milliounen zréck, mä de solde nominale vun den administration publique, also Staat, Gemengen a Sécurité sociale zesummen, wier op der ganzer Period negativ a géif sech och net positiv dréinen.
Déi direkt an déi indirekt Investissementer géifen dem Romain Bausch no an den nächste Jore vill Spréng maachen:
Do spillen exzeptionell Saachen mat. Zum Beispill gëtt de Militärfliger 2020 ganz mat gerechent, de Militärsatellit ganz 2022 an 2021 ass et e repli, well 2020 sou gonfléiert ass duerch all Depensen déi gemaach goufen, duerch d'Kris sanitär an d'Hëllefen déi d'Betriber krut hunn.
D'Investissementer géifen awer weider héich bleiwen. Ma zum Beispill bei der Mesure vum Chômage partiel géif ee gesinn, datt dës net sou deier gëtt wéi geduecht:
Déi waren estiméiert op e Käschtepunkt vun 989 Milliounen Euro fir 2020. Bis den 16. oder 19. Oktober huet dat Netto 464 Milliounen Euro kascht. Et ass sou, datt de Fonds pour l'emploi 852 Milliounen un d'Entreprisen avancéiert huet, mä d'Adem huet en Decompte gemaach, op Grond vun deem se 407 Milliounen Euro géifen zréckfroen.
Den nationale Rot fir d'Staatsfinanze wäert dann am Fréijoer déi nächst Evaluatioun iwwert d'ëffentlech Finanzen zu Lëtzebuerg presentéieren.
