Invité vun der Redaktioun (3. Abrëll) - Claude D. ConterMir hu Retarden an der Digitalisatioun, mä sinn derbäi villes nozehuelen

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war d'Nationalbibliothéik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Claude D. Conter
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Aarbecht vun der Nationalbibliothéik geet wäit iwwert déi vun enger Standardbibliothéik eraus. D’Aufgab besteet net just doranner, jidderengem Zougrëff op Bicher an Dokumenter ze erméiglechen, mee och de Lien tëscht internationalen Editeuren an der wëssenschaftlecher Communautéit hei am Land ze maachen. Ënner anerem duerch d’Bereetstelle vun internationaler Fachliteratur, seet de Claude Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik. 92.000 Leit waren zejoert an de Liessall komm, 68.000 Dokumenter goufen ausgeléint a 36.000 Leit si bei der Nationalbibliothéik ageschriwwen.

Iwwert d’Bibliothéik hunn d’Leit awer net just Zougrëff op Bicher an digital Ressourcen, mee och op Musekstitel, Filmer a Lëtzebuergesch Internetsitten. “De Lëtzebuerger Internet ass och e Patrimoine”, betount den Direkter vun der Nationalbibliothéik. Dozou ziele Sitte vun Artisten, Schrëftsteller an Entreprisen. Well awer Dausende vu Säite géinge pro Joer verschwannen. Mä et gëtt probéiert, esouvill wéi méiglech ze sammelen an ze späicheren. Och Bäiträg aus de soziale Medie ginn dokumentéiert. De Claude Conter schwätzt vun enger 1.200 Twitter-Accounts, besonnesch vu Politiker, déi archivéiert ginn, well et wichteg wier, dass Politologen oder Historiker spéider kënnen Analyse maachen.

Kritik huet den Direkter vun der Nationalbibliothéik awer dorunner geäussert, wéi an de leschte Jore mat der Luxemburgensia ëmgaange ginn ass. Also mat lëtzebuergesche Publikatiounen an Zeitungen. “Lëtzebuerg kéint hei insgesamt scho weider sinn. Scho virun iwwer 10 Joer hunn d’Kulturinstitutioune wéi d’Nationalbibliothéik, d’Nationalarchiven an anerer dorop higewisen, dass mer mussen Efforten an der Digitalisatioun maachen”, seet de Claude Conter. Hie mengt dëst wier e Gebuertsfeeler vun der Digitaliséierungs- a Fuerschungspolitik zu Lëtzebuerg gewiescht. Et hätt een en ze enke Wëssenschaftsbegrëff gehat an et verpasst, Budgete fir de Volet vun der Digitaliséierung fräizemaachen. Lo stéing d’Nationalbibliothéik besser do, well eegen Efforte gemaach goufen.

2030 well een alleguerten déi Lëtzebuergesch Zeitungen, d’Zäitschrëften an d’Bicher digitaliséiert hunn, fir se kënnen zur Verfügung ze stellen.

E Méindeg de Moie war d’Nationalbibliothéik Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO