An enger Pressekonferenz, déi sou muncher engem an Erënnerung bliwwen ass, sinn historesch Mesuren annoncéiert ginn. E Mëttwoch, zwee Joer méi spéit, kucke mir mat Leit aus de verschiddenste Secteuren zréck op de Confinement, deen eist Liewe komplett op d’Kopp geheit huet.
Sammy Orazi, Schoulmeeschter
Zu Schëffleng an der Nelly Stein Schoul treffe mir de Sammy Orazi. Hien huet 30 Joer, ass zanter 2019 Schoulmeeschter an huet an der Pandemie d’Funktioun vum Schoulpresident iwwerholl. Hie weist eis de Klassesall, an deem hien den éischte Lockdown vill Zäit verbruecht huet – eleng. Seng Schüler waren nämlech doheem. Et hätt ee misse kreativ ginn, fir de Cours digital bei d’Schüler an d’Stuff ze bréngen.
“Et hat een ni iergendeen Outil, wou ee konnt soen ‘ech schaffen elo genee mat deem Outil ab e Méinden, well een esou op Distanz mat Kanner schafft’, well dat hat ee virdrun nach net”, erënnert sech de Sammy Orazi. Se haten net vill Zäit, sech virzebereeden, weder d’Enseignanten, nach d’Kanner oder d’Elteren. Freideg, den 13. Mäerz war dee leschten normale Schouldag. An du stoung Homeschooling um Programm. Ma net nëmmen d’Digitaliséierung war eng riseg Erausfuerderung, och déi emotional Belaaschtung war grouss – fir all déi Bedeelegt.
Sammy Orazi: “Mir sinn all Mënschen. D’Enseignanten hunn natierlech versicht, virun de Kanner staark ze wierken, mee ech mengen esou e Lockdown, eng Pandemie, esou eng onbekannt Situatioun, wou ee selwer viru villen Ängschten steet, geet net spuerlos laanscht een. Et ass een awer vu moies bis owes erreechbar gewiescht, a gären erreechbar gewiescht. Et waren och emol Gespréicher drënner, déi näischt mat Schoul ze dinn haten, mee wou een dann Elteregespréicher oder Eenzelgespréicher mat Kanner hat, fir se ze berouegen.”
Ma dës schwéier Phas huet och Guddes ervirbruecht. Virun allem d’Zesummenaarbecht ënnert de Kolleegen, ënnersträicht de Sammy. Souwuel lokal, wéi och regional konnt ee sech austauschen. Do dernieft wier ee méi mat de Kanner an Elteren zesummegewuess. An dat wier bis haut nach esou, erzielt de Sammy.

Laurent Loschetter & Michel Welter, Den Atelier
E staarken Zesummenhalt spiert een och beim Laurent Loschetter a Michel Welter vum Atelier. Zesummen organiséiere si Concerten, Festivallen, Eventer – an dat scho jorelaang. Eng richteg Success Story, déi vun engem Dag op deen aneren ënnerbrach gouf.
Laurent Loschetter: “Mir ware virdrun déi mega Firma, déi gutt funktionéiert huet, a Rammstein gemaach huet 2019 an eng Millioun Concerten. A jiddereen huet eis op d’Schëller geklappt, wéi cool mir wieren. An duerch dee Virus, deen awer op eemol relativ séier ukomm ass, war et genee de Géigendeel. Jiddereen huet eis gesot ‘oh dir ditt eis esou leed, geet et iech gutt?’”
Vum Gesetzgeber an hirer Aktivitéit gestoppt ze ginn, wier net schéi gewiescht. Mee am Eck stoen an näischt maachen, wier net an hirer Natur, esou de Michel Welter. Se hätten alles gemaach, wat se konnten a sech permanent un déi wiesselend sanitär Reegelen ugepasst. Mat Concerten am Auto, am Sëtzen, mat Mask hu se versicht, déi Zäit ze iwwerbrécken. “Éierlech gesot, e Concert am Auto ze verbréngen, ass elo net dat Witzegst ever”, esou de Laurent Loschetter, “mee dee Moment war et genial. Mir waren einfach frou, mat deene blöden Autoen zu Péiteng ze stoen”.
Finanziell gesinn hätt d’Firma definitiv e Coup kritt, erkläert de Michel Welter. Ma d’Finanzsprëtze vum Staat wieren eng grouss Hëllef gewiescht.
Michel Welter: “Mir ware bësse méi sécher an hu besser geschlof, wéi bis déi Hëllef komm ass vun den Aide aux Frais Non Couverts. De Chômage hat jo direkt gegraff, do war de Salarié protegéiert, dat ass super. A mat där Hëllef war dann och d’Firma e bëssen ofgedeckt.”
Am meeschten ze schafe mécht hinnen elo, dass se nach ëmmer net laangfristeg plange kënnen. Mee si si prett fir Gas ze ginn, betounen de Michel a Laurent. An och d’Leit dobaussen hätte rëm Loscht op Concerten.

Jean-Christophe Dufour, CGDIS
Eriwwer dann op Iechternach an de Pompjeesbau bei e Mann, deen och am Eventberäich aktiv war – bis de Coronavirus koum. De Jean-Christophe Dufour huet 31 Joer, ass zanter 2005 fräiwëlleg beim CIS Iechternach aktiv a schafft aktuell als Logistiker beim CGDIS. Den JC, wéi seng Kolleegen hien nennen, erzielt, dass ee sech um Ufank vun der Pandemie scho Suergen ëm déi eege Gesondheet gemaach hätt: “2020 hate mer natierlech net déi Informatiounen, déi mir lo haut hunn. An do war schonn eng gewësse Suerg do. Virun allem ware mir am Lockdown nach net geimpft”.
Vue dass am Confinement jiddereen doheem war, sinn hir Asazzuelen erofgaangen, erzielt den JC. D’Zuel vun de Fräiwëllegen awer och – besonnesch vun deene Leit, déi méi am Spidolssecteur gebraucht goufen. Den JC dogéint huet am Chômage partiel decidéiert, nach méi Zäit an d’Allgemengheet z’investéieren. An nom Motto “ganz oder guer net”, huet hie sech an de Bau zréckgezunn, zesumme mat zwee anere Kolleegen, déi dee selwechte Choix geholl hunn. Et wier bal wéi eng WG gewiescht, erzielt de Jean-Christophe.
Jean-Christophe: “Am Ufank ass et engem schwéier gefall, well een d’Famill net gesinn huet. (...) Et war awer och eng flott Zäit an deem Sënn vum Zesummeliewen an der Kasär. Mir hunn zesumme Sport gemaach, mëttes zesumme gekacht. Et war wéi eng zweet Famill, déi flott Momenter mateneen hat.”
D’Asätz wärend dem Lockdown ware par contre méi ustrengend a komplex – besonnesch déi sougenannt I3-Fäll, also d’Infizéierten-Transporter. Nieft dem waarmen Tyvek-Kostüm an de Masken als Schutzmoossnam, huet de Won no esou engem Transport missen desinfizéiert ginn, an zwar an der aler Kasär an der Stad. 90 Minutte laang war d’Gefier dowéinst ausser Betrib. E groussen Opwand, dee bis haut bliwwen ass. Mam Ënnerscheed, dass d’Desinfektioun am CNIS gemaach gëtt.
Wéi ee Parcours hie gemaach hätt, wann hien net duerch d’Pandemie am Chômage partiel gelant wier, kann den JC net soen. Hien hat seng Aarbecht am Eventberäich gär, ass awer och beim CGDIS glécklech an zefridden.

Christophe Diederich, Concept+Partners
De Christophe Diederich huet 2013 de Grupp Concept+Partners gegrënnt an huet zanterhier eng Rei Restauranten a Baren opgemaach. Mat senge 37 Joer huet de Christophe zäitweis méi wéi 150 Leit beschäftegt. An déi waren natierlech a grousser Suerg, wéi si 2020 vun haut op muer net méi schaffe goe konnten. Se haten Angscht ëm hir Aarbecht an hire Salaire, erzielt de Christophe. Ma nom éischte Schock, a wéi fest stoung, dass se ofgeséchert wieren, hätt d’Situatioun ënnert dem Personal sech berouegt.
Christophe Diederich: “Déi Leit hunn en anert Liewe kennegeléiert. Et dierf een net vergiessen, d’Leit an eisem Secteur schaffe Coupure, si schaffen owes bis owes spéit a si schaffe Weekends. Sou dass ech behaapte géif, dass fir de Gros vun de Salariéen dat eng schéin Zäit war, wou den éischte Schock bis iwwerstane war.”
Eng Experienz, déi de Christophe als Patron net esou deele konnt. Et hätt ee missen no Léisunge sichen. Ëmmerhi waren d’Stocken a Frigoe voll. Take Away a Livraisoune ware schlussendlech d’Alternativ fir den Horeca Secteur, deen zanter dem Lockdown 2020 mat am meeschte gelidden huet. Zwee Joer méi spéit an no enger sëllege Lockerunge vu Mesuren, konnt ee sech nach ëmmer net vun där belaaschtender Situatioun erhuelen. D’Euphorie vun engem Freedom-Day bleift aus. “En plus weess een net, wat am Hierscht kënnt, an et dierf een net vergiessen, mir sinn den Ament an enger immens kritescher Situatioun, well d’Präisser si komplett um Explodéieren”, erkläert de Christophe Diederich.
Trotz de schwieregen Zäiten huet de Christophe Diederich ni säi Beruffschoix bereit.
Christophe Diederich: “Wann een de Choix hëlt, Entrepreneur ze sinn, da muss een och a Kaf huelen, dass een an der Karriär, déi ee viru sech huet, iergendwann eng Kéier eng Phas begéint, déi net einfach ass. A wat ech perséinlech soen, an esou Phase léiert een och extrem vill.”

