
Do waren d’Deputéiert sech gréisstendeels eens, dass eise System weider misst op Solidaritéit opgebaut sinn, et kee Kommerzialiséiere vun der Medezin dierf ginn an d’Auslagerung vu Servicer aus de Spideeler eraus soll méi Offer bréngen.
Mee de Message an der Chamber war däitlech, trotz geplangten Ännerungen an Erweiderungen: Eng Zwou-Klasse-Medezin ass net gewollt an de Conventionnement obligatoire muss bleiwen. Dat verhënnert awer net, dass déi medezinesch Offer am Sënn vum Patient soll ausgebaut ginn, huet d’DP betount. Villes wier ganz gutt, ma et géingen awer och Schwächte ginn. Zum Beispill d’Waardezäite bei klengen Interventiounen. Dat wier fir d’Leit dacks net ze verstoen. D’Auslagere vu gewësse Servicer baussent de Spideeler gesäit d’DP als Stäerkt. Privat Investisseuren hätten awer ganz kloer näischt beim geplangten Ausbau vum Extrahospitalier ze sichen, präziséiert och de Marc Spautz (CSV). Den Extrahospitalier heescht just, dass d’Servicer an enger anerer Struktur ugebuede ginn, ma de soziale Modell wier awer deen nämmlechten.
Net profitorientéiert, dat huet de Marc Baum (déi lénk) dann och fir d’Dokteschgesellschafte gefuerdert. Et sollt ee beim Ausschaffe vum Gesetzestext oppassen. Net nëmme privat Investisseuren, mee och Dokteren, déi et sech kënne leeschten kéinte soss Profit dorausser schloen an aner Dokteren als Salarié fir sech schaffe loossen.
D’ADR par konter wënscht sech méi Flexibilitéit fir d’Dokteren a keng onnéideg Hürden. Nom “Immobilismus am Gesondheetssecteur” wier eng grouss Reform néideg, esou d’Alexandra Schoos. Den Zentralismus sollt opgebrach ginn, fir de Liberalismus ze erméiglechen.
Allgemeng hu sech d’Deputéiert positiv géintiwwer den Dokteschgesellschafte positionéiert. D’Djuna Bernard (déi gréng) huet och d’Digitaliséierung an deem Kader opbruecht. Dorunner géing geschafft ginn, an e puer Woche wéilt d’Ministesch dozou méi ukënnegen, sot d’Martine Deprez. Ma och déi gréng, esou wéi d’Piraten hunn an hire Rieden ervirgestrach, dass d’Gesondheet net dierft kommerzialiséiert ginn.
D’Santésministesch Martine Deprez huet an hirer Ried dann nach emol betount, dass eng Tarifautonomie net a Fro kënnt. Wat de Kalenner ugeet, wieren déi nächst Etappen och scho kloer. De Gesetzesprojet fir d’Dokteschgesellschaften ze grënnen, wäert deemnächst am Regierungsrot ugeholl ginn. D’Spidolsgesetz wier an der Procédure legislative, fir weider zwee Servicer bäizesetzen, fir kleng Interventiounen un den Aen an un der Haut kënnen ze maachen. Dëse Projet soll bis Enn dës Joer gestëmmt ginn.
Zil wier et, d’Waardezäiten ze verkierzen a weiderhi fir all Bierger e gläichberechtegten Zougang zum Gesondheetssystem ze garantéieren