
D'Horesca appelléiert un hir Memberen, Restaurateuren a Cafetieren, fir sech strikt un déi virgeschriwwe Covid-Reegelen ze halen. D'Federatioun ënnersträicht, wéi frou een driwwer ass, datt de Secteur opbleiwe kann, anescht wéi bei den Noperen.
Wa vereenzelter sech net un d'Reegelen halen, kéinte se d'Fermeture vun engem ganze Secteur provozéieren. D'Horesca erënnert hir Memberen am Schreiwes vun en Donneschdeg de Moien och un d'Strofe vu 4.000 respektiv 8.000 Euro, déi virgesi sinn, wann ee sech net un d'Hygiènesmesuren hält.
