Alain Rix"Mir si ganz onzefridden, et ass net mat eis geschwat ginn"

Carine Lemmer
Den Horesca-President ass guer net begeeschtert vum neien, méi strenge CovidCheck an de Restauranten, Caféen an Hotellen, dee vum 1. November u gëllt.
CovidCheck - Entreprisen an Horesca
Wat fir eng Konsequenzen huet dat neit Covid-Gesetz op d’Entreprisen an den Horeca-Secteur?

Vum 1. November u gëllt e generellen, méi e strenge CovidCheck an de Restauranten, Caféen an Hotellen. Mir si ganz onzefridden dowéinst an d’Betriber wäerte verléieren, seet den Horesca-President Alain Rix.

Mam CovidCheck wär een d‘Accord, mä et hätt ee wëllen d‘Schnelltester op der Plaz bäibehalen. Mat deene wär ee gutt gefuer.

Reaktiounen op dee méi strengen CovidCheck am Horesca

“De Schnelltest-System ass e ganz gudde System gewiescht. Mir hunn och Leit fonnt, déi positiv waren, well mer awer vill getest hunn. Mat deem neie System sinn ech der Meenung, datt mer alt nees eng relativ grouss Perte an de Betriber kréien.”

Een Argument vun der Regierung ass, datt bei de Schnelltester gefuddelt gouf. Schwaarz Schof géif et awer ëmmer ginn, bedauert den Horesca-President.

“Ech weess net, ob Abuse gemaach goufen. Mä mengt der elo, mat den aneren Tester géif et besser goen? Wee bis elo esou era komm ass, kënnt och elo eran. Dee geet och net an d‘Apdikt sech en Test kafen. Ech mengen et sinn iwwerall schwaarz Schof. Da mussen och Kontrolle gemaach ginn. An ech weess net, ob vill Kontrolle gemaach gi sinn?!”

D‘Horesca hätt sech also méi Kontrolle gewënscht. Wann de Staat elo getestent Personal géif verlaangen, misst en och dofir bezuelen, fuerdert den Alain Rix. D‘Betriber géife fäerten, datt Clienten doheem bleiwen.

“Si hunn Angscht, datt se elo ganz vill Cliente verléieren. Wann ech mëttes e plat du jour wëll iesse goen, da bezuelen ech net nach 10 oder 20 Euro fir e Schnelltest. Dat heescht, ech ginn net. Teletravail, d’Wieder, d’Iwwerschwemmungen. Mam Corona, op, zou, op zou...dat kann et net sinn. Mir sinn ëmmer déi...mir sinn d‘Nickien einfach. Et gëtt ëmmer erëm op eis geklappt.”

D‘Aide-Gesetz leeft dëse Mount aus. Dat misst verlängert ginn, seet d‘Horesca.

“Ech hoffen, datt nodréiglech d‘Aide-Gesetz nach verlängert gëtt an anescht ëmgestallt gëtt, wa Perten do sinn. Ech sinn iwwerzeegt, datt Pertë kommen!”

D‘Horesca wär guer net géint Vaccinen, hätt och kee Versteesdemech derfir, wann ee sech net wéilt teste loossen.

Aktuell géif een och – mat de classes moyennes an der Santé zesummen - eng Sensibiliséierungscampagne an de Betriber maachen, fir sech impfen ze loossen. Sou den Horesca-President Alain Rix.

Back to Top
CIM LOGO